
Geschitt ass dat Ganzt e Méindeg am Nomëtteg géint 16 Auer an engem Bus, deen tëscht Ettelbréck a Feelen ënnerwee war.
D’Police huet RTL dës Faiten, déi mer vun Aenzeie gemellt kruten, confirméiert.
Zwee mannerjäreg Affer goufen duerch e Messer verwonnt an hu misse vum Samusdokter op der Plaz en charge geholl ginn. Béid koume fir weider Behandlungen an d’Spidol.
De schëllege jonke Mann mam Messer gouf nach am Bus vun der Police interceptéiert, déi de Buschauffer geruff hat a séier op d’Plaz komm waren. Dës Persoun gouf op Uerder vum Parquet verhaft a koum schonn en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter.
Am Asaz waren direkt e puer Policepatrullen, Ambulanzen an de Samu.