
Déi national Wiederagence Meteolux warnt viru moderate bis schwéieren Donnerwiederen e Freideg am Nomëtteg. D’Alerte jaune gëllt vu 14 Auer un an zitt sech nach bis an den Owend, ëm 19 Auer, eran. Nieft Donner a Blëtz kënne plazeweis och Knëppelsteng a staarke Reen erofkommen, dat bei staarke Wandstéiss.
Fir e Samschdeg gëtt et bis ewell nach keng Alerte. Bei Temperaturen tëscht 20 an 22 Grad geet et e Samschdeg an den dréche Spéidsummer eran, ier et e Sonndeg da bei Maximaltemperature bis 20 Grad nees Reen gëtt. Den Ufank vun der nächster Woch bleift mat Temperaturen ëm 20 Grad éischter frësch. Nuets kënnen Temperaturen dann esouguer an den eestellege Beräich falen.
