
Den Michael Agostini krut 94 Prozent vun de Stëmmen. De Lou Linster bléift Vizepresident an den Tom Strauch Generalsekretär.
Déi jonk Demokrate fuerderen, dass e Visum fir héich-qualifizéiert Leit mat Ofschloss, déi awer net aus engem EU-Memberland kommen, agefouert gëtt.
D'JDL schwätzt sech fir d'Erhéijung vun der Grondsteier op 10 Prozent vum Wäert vum Terrain aus.
An si hätt gär, dass et an ëffentleche Gebaier gratis Menstruatiouns-Produite ginn.