
An der Chamber goufen en Dënschdeg de Mëtteg zwee nei Deputéiert vereedegt. De Marc Hansen réckelt op DP-Säit fir de Fernand Etgen no, dee seng politesch Pensioun geholl huet. De Georges Mischo iwwerhëlt d’Plaz vum neien CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz. Domadder sinn elo zwee fréier Ministeren an d’Chamber nogeréckelt, déi an de leschte Wochen, respektiv esouguer de leschte Joren, keen aktive Posten an der Lëtzebuerger Politik haten. Dëst bedeit awer net, datt si ouni Pai do stoungen.
No engem Ministermandat steet hinnen nämlech ee sougenannten Traitement d’attente zou, also een Iwwergangssalaire, dee se bis zu zwee Joer ze gutt hunn. An deenen éischten dräi Méint vun deem Traitement d’attente kritt den Ex-Minister nach seng voll Pai. Awer ouni d’frais de représentation. Dat si ronn 19.600 Euro de Mount.
No deenen dräi Méint kréien d’Ex-Ministeren dem neie Punktesystem no ronn 8.560 Euro de Mount. Dësen Traitement d’attente gëtt wéi gesot fir zwee Joer ausbezuelt, ass awer u gewësse Konditioune gebonnen. Esou gëtt en zum Beispill gestoppt, wann den Ex-Minister eng bezuelten Aarbecht beim Staat, bei enger Gemeng oder enger anerer nationaler oder internationaler Institutioun géif ufänken. Den Traitement d’attente fält och ewech, wann de fréiere Minister eng privat Aarbechtsplaz unhëlt, bei där e méi ewéi dat duebelt vum Traitement d’attente, also op d’mannst 17.120 Euro de Mount géing verdéngen.
De George Mischo huet jo am Dezember als Aarbechts- a Sportminister demissionéiert. Domadder krut hien de leschte Mount nach déi normal Pai vun engem Minister. Well hien awer elo e Mandat als Deputéierten ugeholl huet, ass hien net méi eligibel fir den Traitement d’attente. Dofir kritt e lo eng Deputéierte-Paie vun 9100 Euro de Mount. Net dobäi gezielt sinn d’Presenz-Jetonen. Well hien 20 Joer als Sportsproff an engem Lycée geschafft huet, ass hien eligibel fir den Traitement d’attente ze kréien, dee Staatsbeamten zousteet, déi ee Mandat an der Chamber unhuelen. Dat si 66 Prozent vum Bruttosalaire.
De Marc Hansen war bis den Oktober 2023 10 Joer laang Minister an hat no de leschte Walen déi lescht zwee Joer kee politescht Mandat. Amplaz krut hien dunn eben deen Iwwergangssalaire fir Ministeren, dee mer virdru schonn erkläert hunn. Graff ausgerechent missten dat iwwer déi zwee Joer ronn 238.000 Euro gewiescht sinn. Hien ass an där Zäit kenger remuneréierter Aarbecht nogaangen, well hien eegenen Aussoen no net wollt an en Intressekonflikt geroden.