Dat a Presenz vum Grand-Duc, dem Premier Frieden an der Ministesch Martine Hansen, déi fir eng offiziell Foto bei der Zeremonie dobäi war, well si vun en Donneschdeg un de Poste vun der Sportministesch iwwerhëlt.
De fréieren Aarbechts- a Sportminister Georges Mischo war en Donneschdeg offiziell am Palais fir seng Abschidsaudience. Weder virdrun nach dono wollt hie sech um Mikro vum Jeannot Ries zu sengem Récktrëtt äusseren.
Den annoncéierten Regierungsremaniement gouf also en Donneschdeg ëmgesat. De fréiere Sports- an Aarbechtsminister Georges Mischo war am Palais beim Grand-Duc fir seng Abschidsaudienz. Hien huet dem Marc Spautz d’Klensch an de Grapp gedréckt, deen als säi Successeur vereedegt gouf fir d’Assermentatioun als säi Successeur.
De leschte Freiden nom Regierungsrot hat de Georges Mischo nach net Wëlles, perséinlech Konsequenzen aus der Affär Sportmusée ze zéien: “Wéi gesot, ech hunn de Projet elo mol zréck gezunn. An da kucken mer wéi de Projet evoluéiert.” Iwwert de Weekend hat dee Projet esou wäit evoluéiert, datt de Luc Frieden e Méinden de Moien dem Georges Mischo seng Demissioun annoncéiert huet – ouni de Concernéierten, deen zanterhier keng Explikatioun ginn huet. Och haut, wéi hien aus dem Palais koum, wollt hien um Mikro vum Jeannot Ries näischt soen: “Moien, mir hunn iech zanter e Méinden net méi gesinn, sot der eis, wéi et iech geet?” Georges Mischo:"Dir wësst, et ass dat do e schwéiere Moment ass. Mee méi wäert ech elo net soen.” De Jeannot Ries: “Wéi geet et politesch weider? Gitt der an d’Chamber?”
Dës Fro wollt de Georges Mischo net beäntweren, ma de Premier Luc Frieden huet no der Vereedegung vum Marc Spautz als neien Aarbechtsminister erkläert: “Wann ee Minister gëtt, deen aus der Chamber kënnt, da schreift d’Chamber un deen, deen dann ‘en Rang’ ass an dee gëtt da gefrot... a souwäit ech dat weess, ass dat dann den Här Mischo, deen dat gëtt.”
Dat läit do drun, datt Mischo a Spautz Allenzwee aus dem Bezierk Süde sinn. Wier de Successeur um Rousegäertchen aus engem anere Walbezierk komm, hätt de Georges Mischo net d’Méiglechkeet, als Deputéierten an d’Chamber ze goen. Obschonn de Georges Mischo also net ganz wäit fält, huet hien en Donneschdeg de Moien dra gekuckt, wéi siwen Deeg Reen.
Mag sinn, säi Récktrëtt war net grad esou fräiwëlleg, wéi de Luc Frieden e Méinden gesot hat. Haut sot de Premier nämlech: “Ech hunn dëse Regierungswiessel hei decidéiert, fir datt mer elo mat engem Neistart eng ganz flott Ekipp hunn.” Mee och dëst: “Ech mengen d’Circonstancë waren esou, datt den Här Mischo seng Funktioun net méi konnt sereinement excercéieren.” Dem Premier seng Stëmmung war op jidder Fall besser wéi dem Georges Mischo seng: “Haut ass en Dag vu grousser Freed, well mer elo zwee nei Minister hunn, déi sech elo mat vill Energie an déi Aarbecht eraginn an duerfir mengen ech, déi lescht Deeg hu bewisen, datt och mer ganz gëeent do hannendru stinn. E Mëttwoch den Owend war e Vott unanime vun der CSV an ech mengen et ass och e ganz gudde Start, souwuel fir de Minister Spautz, wéi fir d’Ministesch Hansen. An duerfir mengen ech wierklech, datt een elo muss no vir kucken. An dat ass déi Energie, déi mer hunn, fir dat ze maachen. An ech wënschen hinne bonne chance.”