D’Prozedur fir d’Immigratioun, déi et hei gëtt, soll net impaktéiert ginn. Nieft de Kapazitéiten, déi scho geschaaft goufen, fir Leit aus der Ukrain opzehuelen, kéint nach eng weider Hal genotzt ginn, fir 500 bis 1.000 Leit kënnen ënnerzebréngen. Et wéisst een nach net, wou dat wier, mee et wéilt een am léifsten d’Persounen op enger Plaz zesummenhalen, fir d’Koordinatioun méi einfach ze maachen. Den Ament wier et awer schwéier anzeschätzen, wéi vill Leit nach kommen a wéi vill Persoune bei private Leit doheem kënnen ënnerkommen. De Familljeministère geréiert d’Ufroe vu Persounen, déi Refugiéë wëllen ophuelen a kontrolléieren d’Famillen och.
Op de Reproche, dass eng 60 bis 70 Leit vun engem Moment op deen aneren aus der Struktur Shuk um Kierchbierg hu missen eraus, fir Plaz ze maache fir Leit, déi elo aus der Ukrain kommen, sot den Ausseminister, dass et méi einfach wier, d’Leit ze regroupéieren. An der Shuk kéint een elo den éischten Accueil vu Leit maachen, déi aus der Ukrain hu misse flüchten.
Ausserdeem huet de Jean Asselborn nach dozou opgeruff, all privat Initiativ unzemellen, zum Beispill wann ee mat private Busser Leit aus der Ukrain siche geet. Et géing een nämlech soss riskéieren, dass d’Leit hei ukommen a keng Plaze fir si virgesi ginn. All Initiativ soll dofir am viraus ugemellt ginn, fir Duercherneen ze verhënneren.
Vu weider 400 Leit wéisst ee schonn, déi nach an der Ukrain sinn an op Lëtzebuerg wëlle kommen.
Fir Leit, déi schonn hei ukomm sinn, huet den Ausseminister erënnert, dass si sech sollen umellen an dann op e Rendez-vous solle waarden, fir d’Protection temporaire accordéiert ze kréien. Dës Protektioun soll fir Leit gëllen, déi beim Ausbroch vum Krich an der Ukrain gewunnt hunn a bis de 4. Mäerz d’nächst Joer gëllen. Et gëtt domadder gerechent, dass 2 Stonne pro Persoun néideg si fir d’Prozedur. 40 Erwuessener pro Dag solle kënnen am Immigratiounsbüro passéieren.
Et géing een och hëllefen, wa Leit an der Ukrain gewunnt hunn, mee en anert Heemechtsland hunn an an dat Land zeréck wëllen.
Mat der Protection temporaire huet ee Recht op eng Aarbecht, Hebergement, Krankeversuergung, esou wéi och Hëllefe fir Kleeder. Den Ament gëtt och mam Educatiounsministère gekuckt, wéi d’Scolarisatioun vun de Kanner ka garantéiert ginn.
Eng psychologesch Betreiung ass och virgesinn, well et traumatesch wier virun allem fir Kanner, dass si hir Pappen hu missen zeréckloossen. Männer tëscht 18 a 60 Joer dierfen nämlech net aus der Ukrain ausreesen.
Wat d’Hausdéieren ugeet, esou kann ee leider keng Déieren an ëffentleche Foyeren acceptéieren. Den ONA kuckt awer, fir d’Déieren en charge ze huelen. Et kéint een och verstoen, dass sech virun allem Kanner an esou enger schwéierer Situatioun net vun hiren Déiere wëllen trennen.
De Jean Asselborn huet nach preziséiert, dass weder Lëtzebuerg nach d’NATO mam russesche Vollek am Krich sinn. Et sollt op kee Fall dozou kommen, dass d’russesch Communautéit hei zu Lëtzebuerg diskriminéiert gëtt.
