
Ukrainesch Bierger, déi aus hirem Land geflücht sinn, falen ënnert de Statut vun der “Protection temporaire”. Dëse gëtt u sech just an Ausnamefäll ugewannt, an deene vill Leit aus hirem Land flüchte mussen an net méi zeréck kënnen. Dës Zort vu Protektioun ka just vun der Regierung oder vun der EU ausgeruff ginn. Domadder mussen dës Leit net duerch eng Asylprozedur, mee kréien direkt eng Protektioun zougesprach.
Am Fall vun der Ukrain gouf déi temporär Protektioun vun der Europäescher Unioun decidéiert a gëllt ronn ee Joer - bis de 4. Mäerz 2023. Ukrainesch Bierger, déi zu Lëtzebuerg ukommen, musse sech fir de Statut vun der “Protection temporaire” bei der Immigratiounsdirektioun vum Ausseministère mellen (immigration.desk@mae.etat.lu). Mat der “Protection temporaire” brauch ee keng Autorisation de Travail - Leit aus der Ukrain hu mat deem Statut an der Reegel also direkt Accès op den Aarbechtsmaart.
Vun dem exzeptionelle Statut vun der “Protection temporaire” ofgesinn, ginn et am lëtzebuergeschen Asylrecht zwee verschidde Statutten an der internationaler Protektioun: de Statut vum Refugié an dee vun der “Protection subsidaire”. Wien den internationale Schutzstatut unerkannt kritt, huet den Openthaltstitel “Protection Internationale”, dee fënnef Joer gëllt.
De Statut vum Refugié no der Genfer Flüchtlingskonventioun gëtt accordéiert, wann eng Persoun Angscht muss hunn, wéinst hirer Heemescht, hirer Relioun, hirer Nationalitéit, hirer politescher Iwwerzeegung oder well si enger bestëmmter sozialer Grupp zougehéiert, an hirem Land verfollegt ze ginn. Wa Leit als Refugiéen unerkannt ginn, kréie si ee sougenannten “bloe Pass”, mat deem si dann awer an hirer Heemecht keen neit Reesdokument méi ufroe kënnen. Och eng Réckrees an hiert Hierkonftsland ass deemno net méi méiglech, ouni datt si hire Flüchtlingsstatut verléieren. Hinne ginn dofir zu Lëtzebuerg awer domat déi nämmlecht Méiglechkeete gebueden, wéi Leit, déi déi lëtzebuergesch Nationalitéit hunn - zum Beispill beim Usproch op Sozialleeschtungen oder beim Accès op den Aarbechtsmaart.
Eng “Protection subsidaire” ka fir Leit ausgesprach ginn, déi net als Refugié consideréiert ginn, mä bei deenen et trotzdeem begrënnt Suerge ginn, datt si a Gefor kéinte sinn, wa si an hiert Hierkonftsland missten zeréckgoen. Et schwätzt een an deem Fall vun “Atteintes graves”, wéi zum Beispill der Doudesstrof, Folter oder enger onmënschlecher oder degradéierender Behandlung. Fir datt eng Persoun ënnert eng “Protection subsidaire” gestallt gëtt, muss si dohier net zwéngend enger verfollegter Grupp ugehéieren, d’Menace kënnen och individuell a perséinlech sinn. Subsidär protegéiert Leit kënnen de Pass aus hirem Heemechtsland behalen, ginn zu Lëtzebuerg awer, anescht wéi Refugiéen, rechtlech gläichgestallt mat Leit aus Drëttstaaten.
D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert