Déi Gréng"Mir fäerten, datt et ouni déi Gréng zu enger Anti-Klima-Regierung kënnt"

Jean-Marc Sturm
Däitlech Wierder goufen et e Méindeg vun der grénger Spëtzekandidatin Sam Tanson.
Pressekonferenz iwwert d'Enjeue vun der Emwelt- a Klimapolitik
Just mat deene Gréngen kéint ee sécher sinn, eng Klima-Regierung ze kréien, sou de klore Message vun der Spëtzekandidatin Sam Tanson.

Dat op enger Pressekonferenz iwwer d’Enjeuen an d’Prioritéite vun der Ëmwelt- an Energiepolitik.

De grénge Walprogramm / Jean-Marc Sturm

Just mat deene Gréngen kéint ee sécher sinn, eng Klima-Regierung ze kréien, sou de klore Message. Quasi all d’Parteie géife sech Naturschutz an Energietransitioun op de Fändel schreiwen, ma d’Sam Tanson warnt, datt si dës Sujeten net prioritär behandele géifen:
“Et héiert ee ganz gutt an den Nuancë vun den Deklaratiounen an och wann een d’Walprogrammer kuckt vu verschiddenen, datt eigentlech gesot gëtt: ‘elo kucke mer mol all déi aner Prioritéiten, déi mer natierlech och hei am Land hunn. Wéi de Logement, wéi eng Transitioun an der Ekonomie an dann herno kucke mer, ob nach eppes iwwreg bleift fir d’Klima an d’Energietransitioun’.”

Prozedure vereinfachen

Mat enger grénger Regierungsbedeelegung géif dat net geschéien. Wunnraum schafen a gläichzäiteg op d’Natur oppassen, dat wär méiglech. Stéchwuert Prozeduren: Am Naturschutzgesetz wäre se proaktiv vereinfacht ginn. Méi wéi vum Verwaltungsgeriicht gefrot, preziséiert déi aktuell Ëmweltministesch Joëlle Welfring, Co-Spëtzekandidatin am Bezierk Süden. An der Gréngzon wär an Zukunft fir villes keng Geneemegung méi néideg:
“An Zukunft gëllt et dat do Thema nach weider ze entwéckelen, fir ze kucken, wéi kënne mer an Zukunft a bebaubaren Zonen Natur an engem bestëmmten Zäitraum opkomme loossen, ouni datt ee muss kompenséieren an awer den europäeschen Aarteschutz ze respektéieren.”

Eng gerecht Energietransitioun

D’Energietransitioun wär wichteg, fir d’Attraktivitéit vum Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg, gëtt de Claude Turmes ze bedenken, deen am Norden nieft der Stéphanie Empain Spëtzekandidat ass. Als aktuellen Energieminister verweist de grénge Politiker drop, datt Betriber bei der Solarenergie ënnerstëtzt géifen. Parallel géif een op eng Strategie fir grénge Waasserstoff setzen.

Fir d’energeetesch Transitioun weiderzedreiwen, soll iwwerdeems eng spezialiséiert Schoul geschaaft ginn:
“Wou mer déi Jonk richteg motivéieren, fir an déi Beruffer ze goen. Mir brauche Jonker, Leit, déi an d’Handwierk ginn. Dat ass e grousse Schwaachpunkt vun der Lëtzebuerger Wirtschaft a mir wëllen dat méi geziilt ugoen, wéi dat bis elo gemaach ginn ass.”

Déi Gréng wéilten eng gerecht Transitioun. Fir Leit mat manner Akommes matzehuelen, sollen Hëllefe fir energeetesch Sanéierunge virfinanzéiert ginn. Elektro-Autoe sollen accessibel ginn, iwwer e soziale Leasing oder car-sharing an de ländleche Regiounen.

Back to Top
CIM LOGO