"Mir froen eis wat de gratis ëffentlechen Transport soll a wisou elo mat enger gewësser Urgence dat ganzt duerchgebaatscht soll ginn" dat sot de President vun der FGFC Marco Thomé um Freideg de Moien. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.
Konkret fäert d'Gewerkschaft vum Gemengepersonal, datt et zu enger Privatiséierung kéim. Et kéim manner an d'ëffentlech Kees, d'Personalkäschte géinge klammen, an dat géing dozou féieren, datt privatiséiert géing ginn.
De Marco Thomé betount och, datt virop fir d'Qualitéit vum ëffentlechen Transport misst gesuergt ginn. A Punkto Kontrolleure misst un neie Beruffsbiller geschafft ginn, wat dem President vun der FGFC no awer nëmme schwéier bannent engem Joer realiséiert ka ginn.
En anere Sujet war d'Reform vum Gemengegesetz, wou d'Gewerkschaft sech vun der neier Inneministesch Taina Bofferding erwaart, mat an d'Diskussiounen agebonnen ze ginn. De Marco Thomé ass gespaant, wéi d'Ministesch sech mat deem Dossier ufrënnt.
E Freideg de Moie war de Marco Thomé, President vun der FGFC eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.