Dat wéi si de Méindeg de Moie mat deenen zoustännege Servicer aus dem Waasserwirtschaftsamt en éischte Point gemaach huet.
"Mir hu bei 41 Miessstatiounen am Land op 10 Stéck en HQ 100, de Wäert vum honnertjäregen Héichwaasser iwwerschratt an op 15 Statiounen hu mer historesch Héichstänn, dat heescht, wier esou héicht Waasser gemooss, dat heescht e Waasserstand, deen et virdrun nach ni zu Lëtzebuerg gouf. Dat ass schonn extrem. Dat heescht, d'Iwwerschwemmunge vun 93 oder och virdru goufen iwwerschratt."
Wat de Reen betrëfft hu Meteolux an ASTA zwee nei Rekordwäerter enregistréiert, um Findel an zu Guedber. Zu Guedber waren dat 105,7 Liter op de Metercarré bannent 24 Stonnen, um Findel 79,4 Liter op de Metercarré.
Datt et vill Reen géif ginn, war schonn e Méindeg virun enger Woch gewosst, mä et goufen ënnerschiddlech Previsiounen, wéi d'Christine Bastian aus dem Service prevision des crues explizéiert huet.
"Méindes hu mer eis schonn zesummegesat, well mer Meldunge krute vu verschiddene Modeller, déi deelweis immens vill Reen virausgesot hu fir déi nächst Deeg. Par Konter hate mer aner Modeller, déi guer net esou vill Reen virausgesot hunn. Dat heescht, et war eng grouss Diskrepanz tëschent de Modeller an deen Ament ass eng grouss Onsécherheet bei all de Meteorologen, och bei der Meteolux. Mir hunn d'Saach du weider am A behalen, mä wéi dënschdes moies verschidde Modeller bei deenen enorme Quantitéite bliwwe sinn, wollte mer op Nummer sécher goen, well et am Summer ganz aner Aktivitéite laanscht d'Gewässer gi wéi am Wanter."
Doropshin gouf mëttes um 14 Auer d'Phase de vigilance declenchéiert, fir d'Campingen ze warnen a verschidde Chantiere laanscht d'Waasser, déi just am Summer erlaabt sinn. E Mëttwoch ass dunn um 17 Auer d'Phase d'alerte declenchéiert ginn.
