Mat deene Wierder huet d’Sam Tanson de Samschdeg de Moien um Kongress vun déi Gréng all deene Membere Merci gesot, déi sech am Kader vun de Gemengewalen engagéiert hunn. Trotz manner gudde Resultater op lokalem Niveau misst een elo en Vue vun den nationale Walen an 3 Méint mat Elan weidermaachen. “Mir kënne Wale gewannen”, sou déi gréng Spëtzekandidatin. D’Zil wier et, am Oktober dat gutt Resultat vun de Chamberwalen 2018 ze widderhuelen, andeems ee sech mat de Kärtheme vun der Partei fir e gréngt Lëtzebuerg géif asetzen.
Déi gréng Partei hätt iwwert déi lescht 10 Joer mat dozou bäigedroen, d’Land weiderzebréngen.

An der Mobilitéit zum Beispill wier mam Minister François Bausch e Quantesprong gelongen. D’Weiche fir den ëffentlechen Transport wiere gestallt ginn, et wier massiv an de Bus-, Tram- an Zuchreseau investéiert ginn an och de Vëlo hätt seng Plaz kritt.
Och an der Energie wieren enorm Efforte gemaach ginn. Zënter de Claude Turmes zoustännege Minister wier, hätt et all Joer eng Progressioun vun 18% erneierbar Energië ginn. Mëttlerweil géif zu Lëtzebuerg souvill grénge Stroum produzéiert ginn, ewéi d’Stéit géife verbrauchen.
De Logement da géif weider eng Prioritéit bleiwen. Et hätt een de Problem ugepaakt, mee nach net geléist, mee op d’mannst e Paradigmewiessel agelaut. Wie géif behaapten, den Henri Kox wier responsabel fir déi haiteg Situatioun um Wunnengsmaart, dee wier onéierlech. Et hätt scho laang virun der 3er-Koalitioun eppes missen ënnerholl ginn, fir de Misär vun haut ze verhënneren.
Och d’Sécherheet an d’Policepresenz waren Thema um grénge Kongress. Hei huet d’Sam Tanson gemengt, et géif net duergoen, mam Fanger op anerer ze weisen, mat den Ängschte vun de Leit ze spillen a mat enger Phantompolice dohier ze kommen, wann ee selwer deemools an der Regierungsverantwortung näischt gemaach hätt.
De Walprogramm fir d’Chamberwalen am Oktober gouf e Samschdeg mat enger grousser Majoritéit vun de Stëmmen ugeholl, et gouf just eng Enthalung. An deem Programm steet den Naturschutz un éischter Plaz. Naturschutz wier Mënscheschutz, sou déi Gréng.
D’Partei ronderëm d’Spëtzekandidatin Sam Tanson plädéiert fir eng Reduktioun vun der TVA op Bioliewensmëttel, fir Bio fir jiddereen accessibel ze maachen. Weider setzen déi Gréng sech fir eng gerecht Steierreform an, wou staark Schëlleren deene méi Schwaache sollen hëllefen.
D’Aarbechtzäitverkierzung géif en Thema bleiwen. Fir Famill a Beruff besser ënnert een Hutt ze kréien, maache sech déi Gréng awer éischter staark fir eng nach méi flexibel Elterenzäit, et sollt eng Familljenzäit agefouert ginn an och de Congé pour raisons familiales sollt ausgebaut ginn.
Schonn elo, 3 Méint virun de Chamberwalen, wier et un der Zäit, déi gréng Zukunftsvisiounen ënnert d’Vollek ze bréngen. “Gitt eraus, sicht d’Gespréich, schwätzt mat de Leit an erkläert hinnen, wou mer hiwëllen a wat um Spill steet.” Dozou hu souwuel d’Sam Tanson, wéi och d’Parteipresidenten Djuna Bernard a Meris Sehovic déi iwwer 150 gréng Memberen am Sall vum Forum Geesseknäppchen encouragéiert.
E Samschdeg gouf um Kongress vun déi Gréng just de Walprogramm presentéiert an ugeholl. Déi 60 Kandidaten, déi am Hierscht fir d’Partei bei de Chamberwalen untrieden, solle vum nächste Mëttwoch u virgestallt ginn.