"Gewaltentrennung geet net a sens-unique! Mir loossen eis net aschüchteren!", sou den CSV-Deputéierte Gilles Roth am RTL-Interview.
Et goung ëm de Bréif vun der Procureur General d'Etat Martine Solovieff an dem President vum Ieweschte Geriichtshaff Jean-Claude Wiwinius un de Chamberpresident wéinst enger parlamentarescher Fro vun den Deputéierte Mosar a Roth.
De Gilles Roth ënnersträicht, datt dës Ufroen en demokratescht Instrument vun der Oppositiounsaarbecht sinn.
A se wieren all vum Chamberpresident als zoulässeg erkläert ginn.
Parteiiwwergräifend wier dëst Amësche vun der Justiz an d'Chamberaarbecht kritiséiert ginn.
An och Leit dobaussen hätte sech beim CSV-Politiker doriwwer opgereegt.
E weidert Amësche géif een net acceptéieren.
De Ball läit elo awer mol bei der Justizministesch. D'Procureur General d'Etat ënnersteet hirer Autoritéit, sou nach de Gilles Roth.
En Dënschdeg de Moie war den CSV-Deputéierten eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
Gewaltentrennung: "Mir wëllen eis net an een anere Pouvoir amëschen", sou d'Martine Solovieff