RTL wollt vum Martine Solovieff wëssen, ob d'Gewaltentrennung hei zu Lëtzebuerg nach intakt ass. Dat, nodeems zwee Bréiwer vum Parquet opgedaucht sinn: Eng Kéier un de Chamberpresident Fernand Etgen an eng Kéier un den CSV-Deputéierte Félix Eischen. „Et ass absolut net eng Amëschung, do sinn ech formell. Mir wëllen eis net an een anere Pouvoir amëschen. Dat maache mer souwisou net", sou d'Procureur General.
Si wollt wëssen, ënnert wéi engen Ëmstänn den Deputéierten un den Audit koum, deen hien am Juni un de Parquet viruginn hat. Et wier speziell, een Deputéierten no senge Sourcen ze froen, sot dozou d'CSV Fraktiounscheffin Martine Hansen. De Chamberpresident Fernand Etgen fënnt dës Reaktioun komesch, well d'Deputéierte jo vun der Chamber aus den Audit zur Verfügung gestallt kruten.
D'Procureur General Martine Solovieff erkläert: „Wann ech e Bréif kréien, wou sech op een Dokument beruff gëtt, dann ass et net u mir, z'iwwerpréiwen, wou déi Persoun un d'Dokument kënnt. [...]Et ka jo sinn, dass dat an der Press thematiséiert ginn ass, et kann och sinn dass dat scho virdrun thematiséiert ginn ass, mee t'ass awer net un mir, ze recherchéieren, wéi eng Persoun un dat Dokument kënnt. Wann dat am Public ass, da wär et jo och kee Problem. Et wär jo am Fong och duergaangen, dass den Félix Eischen mir zeréckgeschriwwen hätt: Ma lauschtert mol, dat ass een Dokument, wat am Public ass, wat ausgedeelt ginn ass, dann hätt ech jo absolut kee Problem. Dat ass jo d'Äntwert zu menger Fro gewiescht. Mir ass dat egal, wien elo, wéi eng Persoun dem Här Eischen dat Dokument ginn huet. Dat interesséiert mech jo net. Ech wëll just wëssen, wéi d'Legalitéit vun deem Dokument ass, a wéi haaptsächlech d'Possessioun vun deem Dokument beim Félix Eischen z'appreciéieren ass."
Wann dat d'Dokument awer elo net public gewiescht wär an den Deputéierten hätt et zougespillt kritt, da wär et jo awer ëmmer nach d'Flicht vum Politiker, fir strofrechtlech Faiten un de Parquet virunzeleeden, och wann hien d'Dokument net op legalem Wee kritt huet, oder?
Martine Solovieff: „D'accord dat ass vläicht seng Obligatioun, mee t'ass awer och mäi Recht, vu dass mir d'opportunité des poursuites an d'Opportunitéit vun der Enquête hunn z'appreciéieren, ob mir iwwerhaapt eng Enquête op der Basis ufänken. Wa mer nämlech scho mat deem do Problem ufänken, dass mer Dokumenter hunn, wou mer net wëssen, wou se hierkommen, a mir fänken wierklech eng Enquête un, de longue envergure, da riskéiere mir awer duerno gesot ze kréien, är ganz Prozedur ass null."
Och a puncto zweete Bréif, deen déi Kéier vum Duo Solovieff/Wiwinius un de Chamberpresident Etgen goung, hätt d'Justiz sech net wëllen an d'Fonctionnement vum Parlament amëschen, mee et wär eng Reaktioun gewiescht op eng spezifesch parlamentaresch Fro, nämlech d'Nummer 1065, wou et ëm de sougenannten Dossier „geheime Casier" goung.
Martine Solovieff: „Do hunn mir fonnt, dat war sou ee schlechten Niveau. Do ass sech baséiert ginn op d'Ausso vu scheinbar engem fréiere Greffier vun eis, deen einfach een Amalgamme gemaach huet, wou ech mer muss d'Fro stellen: 'Huet den je an der Justiz geschafft?'. Dat wëll net heeschen, dass mir a Fro stellen, dass mer nach solle kënne questions parlementaires beäntweren iwwert eise ganze 'casier secret' oder wéi dir et wëllt nennen. Mir si selbstverständlech bereet Stellung ze huelen, awer net op deem do Niveau. Net mat -loosse mer soen- Aussoen, déi scheinbar e fréiere Beamten op Facebook setzt. Wou sinn mer dann?"
An der Question parlementaire vun den Deputéierte Mosar an Roth wär sech also op d'Aussoe vun dem Greffier baséiert ginn an dunn d'Fro gestallt ginn, ob een d'Deklaratioune vun der Procureur General net misst a Fro stellen. Domadder wär hir Integritéit a Fro gestallt ginn an dofir dës Reaktioun, sou nach d'Martine Solovieff.
RTL NEWS: Mëscht sech d'Justiz an d'Aarbecht vum Parlament an? / Reportage Annick Goerens (28.10.19)