An dräi Gemengen huet d’Partei Fokus eng Lëscht. Dat an der Haaptstad, zu Déifferdeng an zu Suessem. Op der Lëscht vun der Stad fannen sech déi meeschte bekannte Gesiichter. Dorënner de Parteipresident Marc Ruppert, de President vum Konsumenteschutz Nico Hoffmann, de fréiere President vum Fonds du Logement Daniel Miltgen an de fréiere Generol vun der Arméi, de Mario Daubenfeld. Bei de 27 Kandidaten handelt et sech ëm 10 Fraen a 17 Männer an den Altersduerchschnëtt läit bei 46 Joer. Zu Déifferdeng op der Lëscht ass och de Generalsekretär vu Fokus, de Gary Kneip. 17 Kandidate stelle sech dann an der Gemeng Suessem de Wieler. Och hei läit den Altersduerchschnëtt bei 46 Joer. 30 Prozent vun de Kandidate wieren Auslänner, sou de Kandidat Yannick Civéra. Zu den dräi Sektiounen an dëse Gemenge wäert deemnächst och nach eng Sektioun zu Péiteng dobäi kommen. Doriwwer eraus hätt een nach zwou Biergerlëschten zu Reiden an zu Koplescht initiéiert.
Et géing een net enger Ideologie entspriechen, sou de Marc Ruppert. Dat hätt ee vun Ufank u gesot. Et géing een op Sujeten an Inhalter schaffen a wéilt mat Courage Positioune vertrieden. De Parteispriecher Frank Engel, deen sech selwer net fir d’Gemengewale presentéiert, huet de Kaderprogramm vu Fokus fir d’Gemengewale presentéiert, deen op 10 Punkten axéiert ass. Et wëll een ënner anerem d’Zesummeliewen an de Gemenge fuerderen. Da sollen d’Verwaltungen an de Gemengen am Déngscht vum Mënsch stoen, Stéchwuert Digitaliséierung. An och d’Finanze vun de Gemenge misste reorganiséiert ginn, dass dës kéinte méi autonom iwwer hier Steierrecettë verfügen. Manner Gemengen ass dann en anere Punkt, deen ee wëll ustriewen, an e kommunale Klimaschutz zum Beispill bei der Hierstellung vun Energie.
Bei de méi populistesche Sujeten huet een dann och schonn eng Positioun. “Privat Sécherheetsfirme kënne mer net leiden, wëlle mer net gesinn”, sou de Parteispriecher. An Fokus wäert sech och ni fir eng generaliséiert Form vun Tempo 30 Zonen an de Gemengen ausschwätzen, well dat näischt géing bréngen. Ma an de Sektioune géing een awer och e gemengespezifesche Programm ausschaffen. Sou well d’Stater Sektioun sech zum Beispill dofir asetzen, dass um Glacis de Parking ewech kënnt, an d’Plaz méi lieweg amenagéiert gëtt.