Banque de Luxembourg Investments"Mir sinn an engem Ëmfeld, dat fir Aktie schwätzt an net fir Obligatiounen"

RTL Lëtzebuerg
Dat sot de Chef-Investisseur vun der Banque de Luxembourg Investments Guy Wagner en Dënschdeg op enger ëffentlecher Presentatioun.
© AFP

Finanz-Perspektiven/Reportage François Aulner

Och wann Obligatiounen, also Schold- oder Wäertpabeiere méi stabel sinn, esou géing een op 10 oder 20 Joer gekuckt domadder u Kafkraaft verléieren. D’Aktien hätten den Nodeel, méi volatil ze sinn, mee laangfristeg géing een domadder seng Kafkraaft erhalen.

De Guy Wagner huet virun enger 50 Clienten a Banquiere mat enge 60 Grafiken d’Ëmfeld a seng Iwwerleeunge beschriwwen. Graff resuméiert:

  • geopolitesch Spannungen
  • héich ëffentlech Scholden, trotz relativ stabiller wirtschaftlecher Croissance
  • eng Inflatioun, déi éischter iwwer 2% tabléiert an trotzdeem relativ niddreg Zënstauxen.
  • de Wonsch vun enger Rei Staaten, fir ze re-industrialiséieren, also relokaliséieren. En Thema scho laang, dat elo méi konkret gëtt.
  • Genee esou konkret gëtt en anert aalt Thema: d’Veralterung vun der Populatioun.

No senger Presentatioun sot en eis am Interview: “Et géing een normalerweis soen ‘ok et ass keen Ëmfeld, wou ee keng Aktie keeft’. Et keeft ee léiwer Aktien wann alles gutt geet.” Allerdéngs hätt een déi lescht Jore gesinn, datt d’"Pabeiergeld”, also Obligatiounen, Scholdpabeieren, “ëmmer manner Wäert” hätten. Wann ee wéilt seng Kafkraaft erhalen, da misst een Aktie kafen. “De Risiko ass de Präis, deen een dofir muss bezuelen”, esou nach de Banquier.

© François Aulner

Fundamentals kucken

De Guy Wagner schwätzt also fir Aktien, obwuel hie mat enger anerer Grafik gewisen huet, datt een aktuell an engem Ëmfeld vu Spekulatioun wier: et géing méi an d’Bourssen investéiert ginn a manner a klassesch Fongen. Dem Banquier no géing et och duerchaus e Risiko gi vun enger Bulle, déi platzt, an déi aktuell Situatioun géing esouguer un déi an den 90er Joren erënneren. D’Techfirmen oder d’kënschtlech Intelligenz wieren zwar net onbedéngt iwwerbewäert, well se jo Beneficer ausschëdden. Mee se sinn eben deier. A wien deier keeft oder vill Erwaardung huet, dee riskéiert, enttäuscht ze ginn.

Dem Banquier no soll een dowéinst an de Marchéë selwer no Qualitéitsinvester sichen, duerchaus weider am Tech-Beräich, mee spezifesch no interessante Firmen, déi nach net deier sinn eben... oder an anere Beräicher, déi Réckewand kréien, ewéi d’Santé wéinst der Veralterung vun der Populatioun oder d’Industrie, déi jo soll gestäerkt ginn. An och net just an den USA kucken, mee och an Europa oder Asien. Et soll een d’"fundamentals” kucken, also d’basesch Donnéeën: ob e Betrib rentabel ass, kompetitiv Virdeeler huet a virun allem ob een dem Betrib seng Aktien zu engem anstännege Präis kéint kafen.

Eriwwer mam “boom and bust”?

Ee wichtege Constat fir de Chef-Investisseur vun der Banque de Luxembourg Investments ass dann och: mat klasseschen Zykle schéngt eriwwer ze sinn. Wuesstemsphasen an da Rezessiounen. Dat wier op d’bëlleg Geldpolitik vun den Zentralbanken zeréckzeféieren an déi héich ëffentlech Investitiounen.

Wéi gesot ginn et ëmmer Geforen. An déi lescht Joren a besonnesch dëst Joer gëllt nees d’Devise: et weess kee genee, wou d’Rees op de Finanzmäert higeet.

© François Aulner

Back to Top
CIM LOGO