Keng Suen zanter JanuarSpidolsdoktere solle vun der nächster Woch un nees fir d'Garde bezuelt ginn

Claude Zeimetz
D'Martine Deprez versprécht, datt d'Indemnitéiten vun der nächster Woch un an dann och réckwierkend un déi concernéiert Dokteren ausbezuelt ginn.
© RTL

Déi Gréng wollten an enger urgenter parlamentaresch Fro vun der Gesondheetsministesch virun e puer Deeg wëssen, firwat an de Spideeler zanter Uganks des Joers keng Garden ausbezuelt goufen. Hannergrond ass eng nei Konventioun, déi bis d'lescht Woch nach net ënnerschriwwe war, erkläert d'Ministesch a gëtt zou, datt et déi lescht dräi Méint keng Sue gouf. Elo wou d'Changementer am Budget accordéiert goufen an d'Ënnerschrëft gemaach gi wier, géif och der Bezuelung näischt méi am Wee stoen.

"Natierlech ass dat ëmmer e bëssche problematesch, wann een e Gardeplang opstellt an d'Doktere soe mer, ech sinn nach net bezuelt gi fir déi lescht dräi Méint. Mir verstinn dat. Mir hu Verständnis duerfir. A wéi gesot, mir hu sou séier wéi méiglech dat geléist. Mä mir haten en Cours de route eben decidéiert, am Regierungsrot fir déi lignes de garde ze verstäerken. Bis deen OK do war, hu mer ebe misse waarden mat der Ënnerschrëft vun der Konventioun. Dat ass elo gemaach an et ka lo bezuelt ginn."

Mat der Abrëllpai ginn da lo d'Indemnitéiten réckwierkend bis Januar iwwerwisen. Am Dezember hat den zoustännege Comité, dee sech aus enger ganzer Rei Acteuren aus dem Secteur zesummesetzt, festgehalen, datt de Perimeter vun de Garden dëst Joer ausgebaut gëtt. Deen Text goung Uganks Februar duerch de Regierungsrot, mä de Budgetsdepassement ass awer lo réischt am Finanzministère validéiert ginn. Fir dëst Joer gouf d'Participatioun vum Staat un de Garden an Astreinten op 61,7 Milliounen Euro fixéiert.

Den AMMD-President Chris Roller huet eis géintiwwer déi schwéierfälleg Prozedur kritiséiert. D'Dokteschassociatioun hätt et léiwer, déi néideg Konventioun misst net Joer fir Joer erneiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO