
Eis RTL-Reporterin war en Donneschdeg de Moien op der Plaz. Déi éischt Nuecht wier gutt verlaf, sot déi Responsabel Cyrielle Chibaef. 80 bis 100 Leit waren do, 250 Better gëtt et am Ganzen.
Besonnesch wann et méi kal gëtt, komme méi Leit.
Jiddereen, dee kënnt, kritt och e Bett. Et gëtt keen Ënnerscheed tëscht de Leit gemaach.
Mëttes ass d’Wanteraktioun vun 12 bis 16 Auer op. Nieft dem Iesse ginn et kleng Aktivitéiten an et kann ee sech e bëssen ausrouen.
Am Prinzip dauert d’Wanteraktioun bis de 15. Abrëll.