
Den Dokter, d'Polizisten op der Plaz an de Parquet si formell: Et ass e Suicide. D'Famill wëll Gewëssheet a freet eng medezinesch Autopsie (*) un.
No 2 Méint hin an hier gëtt de Parquet opgrond vun neien Elementer a Froen, déi opkommen, gréng Luucht fir eng legal Autopsie(*).
Mä zu deem Zäitpunkt ass d'Läich schonns ... ageäschert.
De Sean an de Brian Killeen kommen net zur Rou. Se si Bridder. 53 a 57 Joer al. Se sinn Irlänner, mä hu Wuerzelen zu Lëtzebuerg geschloen. Se liewen schonns zënter Joerzéngten am Land.
De Sean ass Besëtzer a Manager vun enger Technologiefirma, déi an Irland etableiert ass. De Brian schafft fir d'Europäesch Kommissioun hei am Land.
Den 10. Dezember 2019 huet sech hiert Liewen an dat vun hirer Famill fir ëmmer verännert. Hir Schwëster, Moyra, ass dout. Se ass keen natierlechen Doud gestuerwen.
Se gëtt an hirer Kummer an hirem Bett an hirem Haus um Belair opfonnt.
Hir Oderen um rietsen Aarm sinn opgeritzt. Moyra ass Rietshännerin. Hir lénk Hand ass no engem rezenten Broch nach verbonnen.
Den Dokter, deen op d'Plaz geruff gëtt, kräizt um Doudeschäin "Mort violente et suspecte" un. Den Dokter hält fest, dass d'Moyra op d'mannst schonns 24 Stonnen dout ass.
Um Nuetsdësch fënnt d'Police, déi direkt avertéiert gëtt, eng Gillette an eng Schéier. D'Poliziste fanne keng Spuere vu Friemawierkung.
Dräi weider Persounen hunn zum Zäitpunkt vun hirem Doud nach am Haus gewunnt. Hire Mann, dee se fonnt huet an 2 Studentinnen vun der Miami University.
D'Polizisten gi vun engem Selbstmord aus.
En Abschidsbréif fanne se net.
De Parquet gëtt avertéiert. Dat ass esou bei enger "Mort violente et suspecte" virgesinn.
"Nom Rapport vun de Polizisten an och dem Dokter, déi op der Plaz waren, ass de Parquet zur Konklusioun komm, dass et keng Unhaltspunkte fir eng Friemawierkung géif ginn. An anere Wierder, de Parquet geet an dësem Fall vun engem Suicide aus. An där Optik ass d'Decisioun geholl ginn, d'Läich vun der Madamm fräi ze ginn. Domat war fir de Parquet de strofrechtleche Volet vun der Affär ofgeschloss. D'Famill fir hiren Deel wollt deen Ablack awer nach eng sougenannt „Autopsie médicale" maache loossen, wat hiert absolut Recht ass an och esou an de Prozeduren virgesinn ass."
Heescht et beim Parquet op Nofro hin.
Et ass den Ufank vun enger Geschicht mat ville Facetten. A villen ongekläerte Froen.
Bis haut.
Déi lescht 12 Méint hunn de Sean an de Brian Killeen domadder verbruet, fir ze verstoen, wat genee geschitt ass. Se wëlle virun allem Prezisiounen iwwert déi genee Doudesursaach.
Si kënnen de Selbstmord vun hirer Schwëster net novollzéien a sëtzen alles a Beweegung, fir Kloerheet ze kréien.
Se klappe bei Ministèren an Irland un, ginn engem renomméierten ireschen Privatdetektiv den Optrag, e Rapport iwwert den Doud vun hirer Schwëster ze maachen a se schwätzen mat der irescher Press.
Moyra Killeen ass mat 59 Joer verscheet. Si huet 2 Kanner aus engem 1. Bestietnis.

Se war an der Scheedung vun hirem 2. Mann, mat deem se nach bis zu hirem Doud am Haus um Belair zesummegelieft huet.
Mä d’Scheedung selwer war nach net rechtskräfteg, confirméiert hire Mann eis op Nofro hin.
"All finanziell Detailer vun der Scheedung - de Verkaf vum Haus an d’Pensiounsrechter vu menger Fra - hate mer gekläert", präziséiert hire Mann.
„Si war wuel an enger schwiereger Phas, war emol depressiv an hat sech kuerz viru Chrëschtdag an enger Klinik an Holland ageschriwwen, fir sech behandelen ze loossen. Mä se war net suizidär", betounen hir Bridder.
Den Doud vum Moyra beweegt d'Famill Killeen. Hir 2 Kanner an och hir 2 Bridder wunnen zu Lëtzebuerg. Eng Schwëster an hir Mamm wunnen an Irland.
D'Famill gesäit sech freides, den 13. Dezember um Kierfecht zu Märel fir eng „Veillée funéraire". Samschdes, de 14., ass eng Gedenk-Zeremonie virgesinn. Iwwert 200 Mënschen erweisen dem Moyra eng leschten Éier.
De Weekend sëtzt d'Famill beieneen. Se traueren a stellen sech vill Froen.
Méindes, den 16. Dezember, mellt de Sean sech um 7 moies Moies telefonesch bei der Doudegriewerfirma, déi d'Läich sollt op Hamm féieren. Hie freet, dass et net zur Verbrennung vun der Läich kënnt.
D'Famill Killeen wëll eng Autopsie vum Moyra duerchsetzen, fir déi genee Doudesursaach erauszefannen.
D'Kanner sinn averstanen. Hire Mann wär bei dëser Decisioun net agebonne ginn, soen d'Bridder.
"Ech hu méindes d’Pabeieren ënnerschriwwen, fir dass meng Fra sollt zu Hamm verbrannt ginn", seet hire Mann. "Et huet kee vun der Famill mech gefrot, fir dass eng Autopsie sollt gemaach ginn. Dovunner wousst ech näischt.
D'Läich gëtt an de Staatslaboratoire op Diddeleng gefouert.
Kuerz drop, de 19. Dezember, schreift de Sean dem Parquet an deelt seng Bedenken iwwert d'Ëmstänn vum Doud vum Moyra mat a freet, dass de "Fall" sollt iwwerpréift ginn.
Den 8. Januar 2020 sichen d'Bridder, hir Schwëster an d'Mamm sech en Affekot.
D'Läich vum Moyra bleift bis Mëtt Januar am LNS zu Diddeleng.
Den 16. Januar kritt déi betraffen Doudegriewerfirma (**) dunn en Uruff vum LNS. D'Läich wär fräi. Si kéinte se siche kommen. Confirméiert op Nofro hin de juristesche Beroder vun der Firma.
Den 17. Januar - 5 Wochen no hirem Doud - gëtt d'Moyra Killeen zu Hamm ageäschert.
„Mer sinn net driwwer informéiert ginn", betounen d'Bridder a sinn skandaliséiert driwwer.
„Mer hätten eis solle bei der Famill mellen. Dat hu mer net gemaach. Dat war e Feeler", ënnersträicht d'Doudegriewerfirma.
„An dësem Fall ass eppes schif gelaf", fiert hire Beroder weider. Mä "de Feeler läit net bei eis. Mer kruten ugeruff, dass d'Läich fräi wär an dass mer se kéinte siche kommen."
"Da wir im Nachgang an die Angelegenheit ein ausführliches und vertrauliches Gespräch mit der Familie geführt und diese auch über alle Einzelheiten informiert haben, entspricht es nicht der Politik unseres Hauses, sich diesbezüglich weiterführend in der Öffentlichkeit oder gegenüber der Presse zu äußern." Dat äntwert de Staatslaboratoire an engem offiziellen Schreiwes.
"Sécher gëtt et e Problem an de Prozeduren. Et gëtt keng schrëftlech Confirmatioun vum Staatslabo", insistéiert de juristesche Beroder vun der Doudegriewerfirma.
"Alles ass mëndlech geschitt. Eng Léier fir d'Zukunft misst sinn, dass eng Läich nëmmen dann am Laboratoire ka fräi ginn, wann et formell gréng Luucht vum Parquet gëtt. D'Prozedure sinn deemno hei ganz kloer ze iwwerdenken, an et muss bei de relevanten Instanzen iwwerpréift ginn, ewéi et zu dësem tragesche Virfall iwwerhaapt komm ass."
Esou seng Conclusioun.
D'Läich ass verbrannt.
Mä net jiddereen ass driwwer am Bild.
Well den nämmlechten Dag, un deem d'Läich zu Hamm verbrannt gëtt - de 17. Januar also - schreift den Affekot vun de Geschwëster Killeen an der Mamm vum Moyra e Bréif un de Parquet.
Den Affekot werft a sengem Schreiwes eng Rëtsch Froe ronderëm Doudesursaach an d'Ëmstänn vum Doud op a leet och vereedegt Aussoe vu Bekannte vum Moyra derbäi.
Weder d'Famill nach den Affekot wëssen zu deem Zäitpunkt, dass d'Läich net méi zu Hamm läit.
De 4. Februar gëtt de Parquet schlussendlech gréng Luucht fir eng legal Autopsie.
"Opgrond vun den neien Elementer, déi an engem Froekatalog zesummegefaasst sinn an opgrond vun vereedegten Aussoen, déi den Affekot vun de Bridder, der Schwëster an der Mamm Mëtt Januar un eis erugedroen hunn, hu mer decidéiert, fir eng legal Autopsie duerchféieren ze loossen." Dat äntwert de Parquet op Nofro hin.
Mä - wat si all net wëssen - ass et fir eng Autopsie zu deem Zäitpunkt ze spéit.
Nach den nämmlechten Dag gëtt d'Famill informéiert.
Si ass entsat.
„Esou wäit ewéi mer wëssen, ass ni eng Autopsie - weder eng medezinesch nach eng legal Autopsie (*) vun der Läich gemaach ginn.
Obschonns mer insistéiert hunn, dass eng medezinesch Autopsie sollt duerchgefouert ginn", betounen d'Bridder. "Mer hätten d'Käschten dofir och iwwerholl".
„Mer hunn den Dossier un en Untersuchungsriichter weiderginn. Mä ewéi sech erausgestallt huet, dass d'Läich verbrannt war, ass den Dossier zougemaach ginn." Preziséiert de Parquet.
"Ech sinn eréischt am Fréijoer - kuerz virum Confinement – vu mengem Schwoer an Irland gewuer ginn, dass effektiv eng Autopsie geplangt war. Wann ech gefrot gi wär, hätt ech selbstverständlech Jo gesot, fir eng Autopsie maachen ze loossen.“ Esou dem Moyra hire Mann.
D'Bridder versichen ze verstoen.
Fir si war ganz am Ufank ë.a. d'Bezeechnung „Mort violente et suspecte" ee vun den Ausléiser vun hiren Doutten.
Am Dezember 2019 stoungen op engem Doudeschäin véier Casen, déi ee konnt ukräizen.
"Den Dokter op der Plaz hat uginn, d'Madamm wier schonns méi laang verstuerwen an huet op sengem Formulaire iwwert „Déclaration des causes du décès" (Règlement Grand-ducal modifié du 20 juin 1963 rendant obligatoire la déclaration des causes de décès) an der Rubrik "S'agit-il d'une mort?" d'Case "violente et suspecte" ugekräizt.
Heizou sief bemierkt, dass dee Formulaire am Joer 2019 just folgend Méiglechkeete virgesinn huet :
- naturelle
- violente non suspecte et non apparente
- violente et suspecte
- de cause inconnue et suspecte
An dësem Fall, war et evident fir den Dokter, u wat d'Madamm gestuerwe war an hie konnt weder „naturelle" nach „non apparente" nach „de cause inconnue" ukräizen. Et blouf him deemno soss näischt iwwereg, wéi säi Kräiz an d'Case „violente et suspecte" ze maachen.
Heescht et beim Parquet.
Den ireschen Detektiv, deen d'Bridder ëm Hëllef gefrot hunn, geet der Saach op de Fong. Buert bei de Lëtzebuerger Instanzen no an mécht e detailléierte Rapport.
De leschten Hoffnungsschimmer wär d'Analys vun den Äschen. D'Äsche vum Moyra kéinte reng theoretesch Äntwerte liwweren. Dat wär méiglech. Hat den ireschen Detektiv der Famill suggeréiert. Soen de Sean an de Brian.
D'Bridder behalen dës Optioun nach am A.
Se ginn d'Hoffnung net op.
"Ech war verwonnert, ewéi ech an der irescher Press 2 Artikelen iwwert den Doud vu menger Fra gelies hunn. Ech wëll awer präziséieren, dass meng Fra an den leschten 10 Joer insgesamt véier Versich ënnerholl hat, fir sech d’Liewen ze huelen." Ënnerstreicht dem Moyra hire Mann.
D'Urne mat den Äsche vum Moyra Killeen ass am Juni 2020 op Dublin iwwerfouert ginn.
1 Joer nom Doud vum Moyra Killeen gëtt et 2 Gewëssheeten:
1. a puncto Prozedure gouf et an den leschte Méint Beweegung.
Déi dacks diskutéiert Case "violente et suspecte" um Doudeschäin ass duerch eng nei Case "violente" ersat ginn. (***)
Dat Wuert "suspekt" ass um Doudeschäin also verschwonnen.
2. Fir de Parquet ass de "Fall" nach net definitiv ofgeschloss.
"Wann nei Elementer opkéimen, géife se ënnersicht ginn", heescht et.

(*) fir eng medezinesch Autopsie, déi vun der Famill vun engem Verstuerwene kann ugefrot ginn, muss d'Famill och fir d'Käschten opkommen.
Bei enger legaler Autopsie, déi vum Parquet ordonéiert gëtt, fir all Zweiwel un der geneeër Doudesursaach aus dem Wee ze raumen, iwwerhëlt de Staat d'Fraisen.
(**) D'Doudegriewerfirma wëll den Numm vum Betrib net am Artikel liesen.
(***) http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/rgd/2020/05/20/a456/jo