Tëscht Fëlschdref an EllengMotocyclist bei Accident mat engem Auto schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Géint 8 Auer e Mëttwoch de Moie krut e Motorrad en Auto um CR1962 tëscht Fëlschdref an Elleng ze paken.
© Domingos Oliveira

De Motorradsfuerer gouf beim Accident schwéier blesséiert. De Samu war op der Plaz.*

Ee Blesséierte gouf et dann um 8.30 Auer um Belair an der Rue d’Ostende. Zwee Autoen hate sech hei ze pake kritt.

En Asaz vum Samu gouf et dann um 9.30 Auer zu Esch um Boulevard Charles de Gaulle. Hei war eng Persoun ugestouss ginn. 2 Persoune goufen hei blesséiert.

2 weider Blesséierter gouf et da kuerz virun 11 Auer op der Diddelenger Autobunn a Richtung Stad. Hei war den automateschen Noutruff an engem Auto declenchéiert ginn an d’Secouriste vu Beetebuerg an Diddeleng waren op d’Plaz gefuer.

*Mir entschëllegen eis, datt ufanks falsch Informatiounen an dësem Artikel stoungen. Zwee Accidenter ware matenee verwiesselt ginn.

Back to Top
CIM LOGO