Samu an Air Rescue am AsazMotocyclist bei Accident uerg blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun 9 Auer e Méindeg den Owend war e Motocyclist an der Avenue Franz Clement zu Munneref an e Blummebac gerannt a gouf dobäi uerg blesséiert.

D’Secouriste vu Munneref, Uespelt a Beetebuerg waren am Asaz, grad wéi och de Samu an den Helikopter vun der Air Rescue, deen de Blesséierte schliisslech an d’Spidol transportéiert huet.

Iwwerdeems mellt de CGDIS zwee weider Accidenter mat insgesamt dräi Blesséierten.

Géint 17.50 Auer e Méindeg den Owend goufen zwou Persoune blesséiert, wéi sech op der A1 2 Autoen ze pake kruten. D’Ambulanz vu Réimech an d’Secouriste vun Uespelt, Fréiseng a Munneref waren op der Plaz.

Eng Stonn méi spéit waren dann op der N7 zu Maarnech 2 Autoen aneneegerannt. D’Secouriste vu Clierf hu sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.

Back to Top
CIM LOGO