112-BulletinMotocyclist bei Chute an der Stad blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Nieft dem blesséierte Motocyclist mellt de CGDIS zwee Blesséierter bei engem Accident tëscht Mompech an Uesweller. Weider huet et op e puer Plaze gebrannt.
© Laurent Weber / RTL

Géint 18.18 Auer e Mëttwoch den Owend goufen d’Rettungsdéngschter aus der Stad op en Asaz op der Place Emile Hamilius geruff, nodeems e Motocyclist mat sengem Gefier gefall a blesséiert gi war.

Um CR141 tëscht Mompech an Uesweller goufe géint 23.26 Auer zwou Persoune blesséiert, wéi en Automobilist mat sengem Won an eng Mauer gerannt ass. D’Ambulanciere vun Iechternach an d’Pompjeeë vu Mompech waren am Asaz.

Eng Partie Bränn uechtert d’Land

Zu Schëffleng hat et am Chemin de Bergem kuerz virun 18 Auer an enger mobiller Toilette gebrannt. Ronn eng Stonn méi spéit war um Houwald an der Schoulstrooss en Alarm ausgeléist ginn, nodeems Damp aus enger Residenz koum. Wéi et sech erausgestallt huet, war hei eng Taart am Uewe verbrannt. An zu Eppelduerf an der Beforterstrooss hat géint 3 Auer an der Nuecht op en Donneschdeg Dreck op enger Terrass Feier gefaangen.

Back to Top
CIM LOGO