
De Mann gouf beim Accident géint 3.20 Auer blesséiert. Méi Detailer sinn net gewosst.
Op der Plaz war d'Ambulanz aus der Stad, d'Asazzentere vun Uespelt a Weiler zum Tuerm an d'Police.
Weider mellt de CGDIS nach 2 Accidenter e Sonndeg de Moien. Géint 7.50 Auer krut en Automobilist tëscht Biissen a Viichten e Bam mat sengem Won ze paken a gouf blesséiert.
Um 8.21 Auer ass en Auto op der Nordstrooss a Richtung Fridhaff an d'Leitplanke gerutscht. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.