
An enger Kéier kuerz virum Agang vun der Buddelerbaach hat de Motocyclist d’Kontroll iwwert seng Maschinn verluer, wouropshin en an de Stroossegruef gerode war. De Motocyclist gouf vu senger Maschinn geschleidert an e puer Meter weider am Gestrëpp fonnt. E koum mat schwéiere Blessuren an d’Spidol.
D’Streck huet musse wärend der Interventioun vum CGDIS kuerzfristeg fir den Trafic gespaart ginn.