Police-BulletinMotocyclist no Chute zu Waarken schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend war e Motocyclist an enger Kéier mat sengem Gefier vun der Fuerbunn ofkomm a gouf dobäi iwwer d'Leitplank geschleidert.
© Laurent Weber / RTL

Um CR348 tëscht Bierden a Richtung Waarken war en Donneschdeg e Grupp Motocyclisten ënnerwee, wéi ee vun hinnen an enger Kéier mat sengem Moto vun der Fuerbunn ofkoum a géint d’Leitplank gerannt ass. Beim Opprall gouf de Chauffer iwwer d’Leitplank geschleidert an dobäi schwéier blesséiert. No enger Éischtversuergung op der Plaz koum de Motocyclist an d’Spidol.

Op Uerder vum Parquet war de Miess- an Erkennungsdéngscht op der Plaz an d’Motorrad an den Helm goufe saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO