
Duerch déi hefteg Kollisioun gouf de Moto e puer Meter wäit geschleidert. Beim Opprall huet de 34 Joer ale Motosfuerer sech esou uerg blesséiert, dass en nach op der Plaz gestuerwen ass.

D’Streck war wéinst dem Asaz an den Ermëttlungen dono komplett gespaart. D’Miess- an Erkennungsdéngschter waren op der Plaz. E Sonndeg am Nomëtteg gouf géint 15 Auer d’Streck och nach eemol fir weider Ermëttlunge gespaart ginn.
De Rettungshelikopter war hei och am Asaz.