
Wéi am CGDIS-Bulletin ze liesen ass, gouf eng Persoun verwonnt.
Géint 23.12 Auer ass zu Esch en Automobilist mat sengem Gefier an e Potto gerannt. Heibäi goufen zwou Persoune verwonnt.
E Dënschdeg de Moie géint 10 Auer koum et tëscht Angelduerf an Ierpeldeng zu engem Accident tëscht zwee Autoen, bei deem eng Persoun blesséiert gouf. Zwou Ambulanzen aus der Nordstad an d’Pompjeeë vun Angelduerf waren op der Plaz.