"Gutt ekipéiert, gutt protegéiert"Motocyclisten am Viséier vu Policekontrollen

RTL Lëtzebuerg
Vun e Freideg u mécht d'Police verstäerkt Kontrollen, bei deenen an éischter Linn d'Motocycliste viséiert sinn.

Mat där nationaler Sécherheetscampagne soll, grad elo, um Ufank vun der Moto-Saison de Risiko vun Accidenter reduzéiert ginn. D’Beamten iwwerpréiwe virun allem den Equipement, den allgemengen techneschen Zoustand vun de Gefierer an d’Pabeieren.

Et soll virun allem op deene Strecke kontrolléiert ginn, ob deene Motocycliste gären ënnerwee sinn, heescht et vun der Police. Si mécht donieft drop opmierksam, datt et Motocyclisten, grad elo no der Wanterpaus, dacks u Praxis feelt.

Back to Top
CIM LOGO