PolicekontrollMotocyclisten, Sécherheet a Pabeieren am Viséier

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun der aktueller Präventiounscampagne vun der Police gouf et e Méindegnomëtten eng Kontroll an der Ettelbrécker Strooss zu Dikrech.
© RTL Archivbild

D'Dikrecher Police huet an Zesummenaarbecht mat de Kollegen aus dem Norden an der Douane  souwuel Motocycliste wéi och Automobilisten ugehalen. Den Haaptfokus vun der Kontroll louch op de Pabeieren an dem Zoustand vun de Maschinnen.

An 2 Fäll war d'Vignette ofgelaf, 8 Mol war et de Contrôle technique. 4 Mol goufen technesch Problemer festgestallt an am Ganze 6 Mol hat de Chauffer iwwerhaapt keng Pabeiere vum Gefier bei sech.

Back to Top
CIM LOGO