
D’Regierung hat gemellt, de Grand-Duché wier 2021 bei den CO2-Ziler ënnert der gesetzlecher Limitt bliwwen. Dat wier wuel net falsch, sou de Mouveco an engem Schreiwes. D’Ëmweltassociatioun stéiert sech awer drun, datt d’Emissioun an zentrale Secteuren, wéi der Industrie an dem Bau ënnert anerem, zougeholl hunn an datt dat net méi ervirgestrach gouf. Hei géif den Trend an déi absolut falsch Richtung goen.
An den Ae vum Mouvement écologique wier et dowéinst ubruecht gewiescht, fir eng Pressekonferenz vum Premier anzeberuffen, mam klore Message “zu Lëtzebuerg lafen d’Emissioun a kruziale Beräicher aus em Rudder. Mir mussen eng fundamental Kéier huelen”. De Mouveco plädéiert op en Neits, fir eng nohalteg Steierreform, de Wuesstemszwang misst a Fro gestallt ginn an ëmweltschiedlech Subventioune gestoppt ginn.