Affär GoogleMouvement Ecologique geet an Appell

RTL Lëtzebuerg
An der Affär ëm de geplangten Datazenter vu Google zu Biissen geet de Mouveco an Appell géint d'Urteel vum Verwaltungsgeriicht.
© RTL Archivbild

Mouvement géint Google an Appell / François Aulner

D'Riichter haten an éischter Instanz e Recours vun der Ëmweltassociatioun géint d'punktuell Ëmklasséierung vum allgemenge Bebauungsplang vu Biissen an d'entspriechend Approbatiounen duerch den Inneministère an den Ëmweltministère verworf.

War d'Verwaltungsgeriicht der Meenung, datt d'strategesch Ëmweltprüfung (de SUP) komplett gewiescht wier, sou beklot de Mouvement, datt et zum Beispill keng Informatioune gëtt iwwert den zukünftege Waasserverbrauch vum Datazenter. D'Ëmweltassociatioun geet dovunner aus, datt dee Waasserverbrauch 5 bis 10 Prozent vum nationale Verbrauch kéint duerstellen. Och wann dat spekulativ wier, sou hätt Google dat net kontestéiert.

D'Riichter hunn awer zeréckbehalen, datt de Projet vu Google nach net konkret genuch ass, fir elo schonn eventuell Inzidenzen z'identifiéieren. Den Affekot vum Mouvement, den Thibault Chevrier, sot e Mëttwoch de Moien op enger Pressekonferenz, datt wann e Projet awer bis konkret wier, da wier et ze spéit. D'Presidentin vum Mouvement Ecologique Blanche Weber sot iwwerdeems, si wier iwwerzeegt, datt aner Riichter duerchaus en anert Urteel kënnen decidéieren. Och wann de Mouvement an zweeter Instanz onrecht kréich, da géing dat beweisen, datt d'Gesetzer a Saachen Ëmweltschutz zu Lëtzebuerg missten nogebessert ginn.

Google zu Biissen: Verwaltungsgeriicht huet Recourse vum Mouveco géint de Projet verworf

Back to Top
CIM LOGO