Sidd Dir drop eragefall?N7 kritt 4 Spueren - Dat war natierlech just en Abrëllsgeck

Marc Hoscheid
Ob Dir et gegleeft hutt oder och net: D'Problemer op der Nordsteck vun den CFL hu keen Impakt op de Stroossebau am Éislek.

Um 1. Abrëll ass et Traditioun, aner Leit op d’Schëpp ze huelen. Och 2023 huet RTL do keng Ausnam gemaach. Dëst Joer wollte mer Iech gleewen doen, datt d’N7 op 4 Spueren ausgebaut gëtt, ma deem ass awer net esou.

Dat hate mir gemellt

Och well de Schinnentransport op der Nordstreck wuel nach länger perturbéiert wäert sinn, soll elo d’Haaptverkéiersoder fir den Auto ausgebaut ginn.

An de leschte Wochen a Méint gouf et wéineg gutt Nouvellen a Punkto Mobilitéit fir d’Leit aus dem Éislek. Well et de 27. August d’lescht Joer am Eisebunnstunnel Schieburg zu engem Äerdrutsch komm ass, zirkuléieren zanterhier keng Zich tëscht Clierf a Kautebaach. Mëtt Mäerz war et dann d’Nouvelle, datt den Zuchtrafic tëscht Ettelbréck a Clierf an tëscht Kautebaach a Wolz komplett agestallt gëtt. Dat well sech zu Bierden Stécker vun engem Fiels geléist hunn. Dobäi kënnt, datt d’Aarbechten am Tunnel Schieburg net esou virukomme wéi erwënscht.

En Donneschdeg gouf op mannst annoncéiert, datt de Chantier zu Bierden de 8. Mee fäerdeg soll sinn an tëscht Ettelbréck a Kautebaach sou wéi tëscht Kautebaach a Wolz rëm Zich zirkuléieren. Wat d’Réouverture vum Tunnel Schieburg ugeet, gouf den Datum schonn zwee Mol no hanne verréckelt. Ufanks war den 11. Dezember als Datum genannt ginn, dono de 17. Abrëll. Aktuell gëtt kee konkreten Datum méi uviséiert, Mëtt des Mounts war vu weidere sechs bis siwe Woche riets. Ma hannert de Kulissen ass ze héieren, datt et och nach ee gudde Krack méi laang dauere kéint. Dat an och d’Tatsaach, datt d’Gefor besteet, datt et an d’Zukunft zu änlechen Incidenten an aneren Tunnellen op der Nordstreck komme kéint, sollen zu engem Ëmdenke beim Transportminister François Bausch a Saachen N7 gefouert hunn.

Maximalvitesse geet op 110 Kilometer an der Stonn erop

Well vill Leit vum ëffentlechen Transport op den Auto ëmgeklomme sinn a wéinst deene villen Ersatzbusser, déi en Place gesat goufen, ass d’Verkéiersopkommes op der Streck ee gudde Krack an d’Luucht gaangen. RTL-Informatiounen no soll d’Strooss dowéinst elo awer op 4 Spueren ausgebaut ginn. Dat och well een dervun ausgeet, datt vill Leit esouguer wann d’Zuchstreck rëm op ass, weider op den Auto setze wäerten. Et wéilt ee sech, ganz am Zeeche vun enger pragmatescher Mobilitéitspolitik, där neier Realitéit upassen. Bis elo louche just Pläng vir, fir d’N7 op enger Längt vun 31,5 Kilometer tëscht Wäiswampech an dem Fridhaff ze securiséieren. D’Strooss sollt zwar méi breet ginn, awer et sollt bei dräi Spuere bleiwen an déi duerch eng Leitplank vunenee getrennt ginn. D’Vitesse sollt iwwerdeems duerchgängeg op 90 Kilometer an der Stonn limitéiert ginn. Bei deem neie Projet wäert d’Strooss véier Spueren hunn, déi an der Mëtt duerch eng Leitplank getrennt sinn.

Déi erlaabte Maximalvitesse wäert bei 110 Kilometer an der Stonn leien. Déi bestoend Radaren um Ettelbrécker Contournement, an der Lëpschter-Dällt an um Duerschter Haischen ginn entspriechend ugepasst. Ee weidere fixe Radar soll tëscht dem Lausduer a Wäiswampech derbäi kommen.

Dem Minister no hätt den Incident am Tunnel Schieburg gewisen, datt awer méi Leit am Éislek wunnen an enger Aarbecht am Zentrum nogi wéi ee gemengt hätt. Et hätt ee virun der Entscheedung gestanen, entweder ee méi séiere Wee an den Zentrum, notamment d’Stad, ze erméiglechen, oder d’Aarbechtsplazen an de Norden ze verlageren. Et wier een zum Schluss komm, datt et méi einfach wier d’Strooss ze bauen. Dës hätt och de Virdeel, datt Touristen déi aus Holland a verschiddenen Deeler vun der Belge erfort op Lëtzebuerg kommen, méi séier an der Stad wieren.

Käschten an Héicht vu 500 Milliounen Euro

Wärend deen urspréngleche Projet vum Reamenagement vun der N7 246.710.000 Euro kaschte sollt, erhéijen d’Käschte sech mat deene neie Pläng op ronn 500.000.000 Euro. “Natierlech ass de Käschtepunkt beträchtlech, mee mir huelen déi Suen net aus Spaass an de Grapp, mee well mer fest dervun iwwerzeegt sinn, datt eng besser Verbindung vum Norden un d’Zivilisatioun batter néideg ass”, esou de François Bausch op Nofro hin. Wat de Kaf vun den dofir néidegen Terrainen ugeet, do weist hie sech optimistesch, datt séier Neel mat Käpp wäerte gemaach ginn. Am Idealfall kéinten d’Aarbechten ufanks nächst Joer ulafen. Dobäi soll sech vum Fridhaff erfort Richtung Norden no uewe geschafft ginn. Déi dräi Brécken an der Closdellt, an der Lëpschter-Dällt a bei Maarnech ginn iwwerdeems realiséiert wéi geplangt, just eben elo mat véier Spueren.

Een Impakt huet d’Ännerung vum Projet allerdéngs op de Contournement vun Housen. U sech sollten hei d’Aarbechten am Mee ufänken. Ma well och dës Strooss elo véierspuereg soll ginn an zousätzlech Terraine gebraucht ginn, gëtt de Start vun den Aarbechte wuel no hanne verréckelt. Et wier awer d’Zil nach virun de Chamberwalen den 8. Oktober unzefänken, heescht et vun de Ponts et Chaussées. Et gëtt awer och eng positiv Nouvelle fir déi Houser Gemengeresponsabel. Sou ass de Ministère d’accord, datt d’Houschter-Déckt ee Contournement kritt an um Rond-point Schinker ee Pôle d’échange entsteet. Fir déi zwee Opfangparkingen, déi op béide Säite vun der N7 sinn, mateneen ze verbannen, entstinn hei souwuel eng Passerelle wéi och eng Unterfürung. Beim Contournement vun der Houschter-Déckt ass et iwwerdeems esou, datt dëse réischt gebaut gëtt, wann déi vun Housen an Hengescht realiséiert goufen. All d’Aarbechte sollen 2033 ofgeschloss sinn.

Fuerderung no 6 Spueren

De Projet soll de Leit och sur place virgestallt ginn. De 7. Abrëll wäert den Transportminister zu Wäiswampech, um Site virun der aler Buvette, Erklärunge ginn an op méiglech Froen äntweren. Am Uschloss un d’Presentatioun wäert dann och deen éischte symbolesche Schrëtt gemaach ginn, fir d’Buvette ofzerappen. Hei soll jo ee “Fun-Park” entstoen, deen Deel vum Hotelsprojet ass. Déi Plaz wier bewosst gewielt, well den Hotelsprojet um Séi an den Ausbau vun der N7 zwou Mesure wieren, déi wichteg Impulser fir d’Entwécklung vum Éislek liwwere géingen. Déi véierspuereg Strooss géing zudeem derfir suergen, datt d’Leit aus dem Zentrum an dem Süde vum Grand-Duché méi séier op de Séi kéimen, fir do weekends oder am Congé auszespanen an doduerch déi lokal Tourismusbranche ze ënnerstëtzen.

D’Annonce vum Transportminister huet wéineg iwwerraschend fir politesch Reaktioune gesuergt. Sou huet d’CSV-Norden an engem Communiqué d’Decisioun, déi ursprénglech Pläng vum Reamenagement vun der N7 falen ze loossen, begréisst. Trotzdeem gëtt deen neie Projet kritiséiert, well en an 10 Joer, wann d’Aarbechte fäerdeg solle sinn, scho rëm iwwerlieft wier. Wann d’CSV an der Regierung wier, géing d’N7 op sechs Spueren ausgebaut ginn, heescht et am Schreiwes. Den DP-Norddeputéierten André Bauler freet iwwerdeems an enger urgenter Question parlementaire, ob geplangt wier och d’Transversale vu Clierf op véier Spueren auszebauen. Clierf dierft vis-à-vis vun der Houschter-Déckt, Housen an Hengescht net benodeelegt ginn, virun allem mat Bléck op de Lycée Edward Steichen. Och beim ADR-Deputéierte Jeff Engelen huet d’Annonce vum Transportminister Froen opgeworf. Sou wëllt hien an enger Question parlementaire wëssen, ob beim Contournement vun der Houschter-Déckt op Héicht vun der Brasserie “Beim Koeppe Jemp” ee Schutz géint de Kaméidi vun den Autoe virgesinn ass.

An deene nächste Stonnen an Deeg dierften och nach vun anere Säite Reaktiounen nokommen.

Back to Top
CIM LOGO