
Dëse gouf am September zejoert scho presentéiert.
Dëse Plang viséiert d'Ëmsetze vun der "Agenda 2030" fir nohalteg Entwécklung vun de Vereenten Natiounen, an där am ganze 17 Ziler definéiert sinn.
Lëtzebuerg huet 10 där Ziler zeréckbehalen, dorënner déi sozial Inclusioun, eng nohalteg Consommatioun a Produktioun, eng nohalteg Transportpolitik, déi natierlech Ressourcë respektéieren an nohalteg Staatsfinanze garantéieren.
En anere Punkt um Dënschdeg de Mëtteg um Ordre du Jour an der Chamber ass déi energetesch Prekaritéit zu Lëtzebuerg. Et geet méi konkret ëm Stéit, déi aus finanzielle Grënn op waarmt Waasser oder eng gehëtzte Wunneng musse verzichten.
Donieft stëmmen Deputéiert iwwer Ännerungen am Postgesetz aus dem Joer 2012 of. Eng EU-Direktiv iwwert d'Liberaliséierung vum Postsecteur gesäit vir, dass d'Postservicer fir d'Konkurrenz opginn.
Um Mëttwoch beschäftege sech d'Volleksvertrieder mam Commerce an de Stadzenteren hei am Land. Den Handel soll méi dynamesch ginn.
En Donneschdeg gëtt iwwert de Gesetzprojet ofgestëmmt, den eng Reduktioun vun der Stagezäit fir d'Enseignanten virgesäit.
De Stage am Secondaire soll vun 3 op 2 Joer reduzéiert ginn an d'Léierpersonal an der Grondschoul soll an Zukunft nach just een aplaz 2 Joer Stage maachen.
[chamber]