Centre Hospitalier du NordNach ass net gewosst, wéini d’Maternité zu Ettelbréck erëm opgeet

RTL Lëtzebuerg
Dat sot d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert en Dënschdeg an der Chamber.

Déi Ettelbrécker Maternité ass zanter 3 Wochen zou, well net méi genuch Kannerdokteren do waren. Vu 4 Pediatere waren der kuerzfristeg zwee wéinst Krankheet ausgefall.

Et ass e Konzept ausgeschafft ginn, fir de Service sou séier wéi méiglech nees opzemaachen. Mä nach ass dat net de Fall. Et géif nach keen Datum ginn, sot d’Paulette Lenert an huet vun “an den nächste Wochen” geschwat.

Aarbechtsgruppe lafen, d’Léisung misst sëtzen an dowéinst wäert dat nach e bëssen Zäit an Usproch huelen, sou d’Ministesch en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber an hirer Äntwert op d’Fro vum DP-Deputéierten André Bauler.

Back to Top
CIM LOGO