Cloche d'OrNach ëmmer Chantier an den "Tours Zénith"

Anne Wolff
D'Awunner vun den Tierm op der Cloche d'Or, an deenen ëmmer nach geschafft gëtt, freeë sech net iwwert dem Flavio Becca seng neiste Projeten.
© Serge Estgen / RTL

Chantier “Tours Zénith” / Reportage Anne Wolff

Viru knapps zwou Wochen huet de Promoteur Flavio Becca bei der Move Immo Expo seng neiste Projete virgestallt. Ma d’Residentë vun den zwee Zénith-Appartementstierm direkt iwwert dem Shoppingzenter Cloche d’Or konnte sech doriwwer net freeën. Amplaz an deem versprachenen “Haut-Standing” géife si zanter aacht Méint an engem Chantier wunnen, heescht et an engem Communiqué un den RTL.

Mam Kaméidi vun der Baustell géinge si all Dag um siwen Auer wakereg ginn, beklot sech de Yoann Bihan, President vum Conseil Syndical vun der Residence. An deenen zwee Wunntierm wier op néng Stäck nach Chantier. D’Lifter wiere permanent blockéiert, well d’Aarbechter Material dran transportéieren. Verschidde Locatairë wiere schonn nees eraus geplënnert: “On a eu le cas de quelqu’un qui a loué son bien en début d’annéee, mais malheureusement, les locataires n’ont pas tenu à cause du bruit-c’était invivable.”

Nieft dem Kaméidi bréngt de Chantier och vill Knascht a Sécherheetsproblemer, sou de Yohann Bihan: „On a par exemple des portes coupe feu qui sont quand-même essentiels pour un bâtiment de cette hauteur et avec ce nombre d’habitants, des portes cupe-feu qui sont parfois bloquées en position fermé. Je vis à côté d’une porte coupe-feu dont le poignet tourne dans le vide, donc s’il y a un feu demain, je ne sais pas comment ça va se passer.”

D’Feierschutzdiere kritt een deelweis net op, ma aner Diere géingen net zou, z.B. d’Entréesdier oder d’Paart tëscht dem ëffentlechen an dem private Parking. Eng Plaz kascht hei tëscht 70.000 an 80.000 Euro. Well de Passage opsteet, hätte scho Clientë vum Shoppingcenter op senger Parkplaz gehalen, erzielt de Yoann Bihan. Et hätt ee schonn alles probéiert, fir mam Promoteur an d’Gespréich ze kommen, ma bis elo ass nach näischt erreecht: “La seule réponse que j’ai pu obtenir de la part du promoteur, c’était „Désolé.” Nous n’arrivons pas à obtenir de nos soustraîtants qu’ils viennent sur le chantier, c’est effrayant.”

D’Wunnfläch stoung am Verkaf fir iwwert 10.000 Euro de Meterkaree. Op Nofro huet de Serge Estgen, Porte-parole vu Promobe, zu de Reprochë Stellung geholl a betount, datt ee sech net verstoppe géing an een och scho virum Communiqué vum Syndicat op Problemer reagéiert hätt. Konkreet géingen d’Aarbechten amplaz um siwen elo um aacht Auer ugoen: “Do ass elo d’Consigne eraus gaangen, dass net virun aacht Auer ugefaange gëtt, an dann ass och keen Accès op de Chantier virun aacht Auer.”

De Probleem mat de Lifter géing sech elo net méi stellen, well zwee vun den dräi Lifter just nach fir d’Residentë reservéiert wieren a kee Material méi onverpaakt géing transportéiert ginn. D’Feierschutzdiere wiere lo gefleckt: „Do sinn d’Klensche gefléckt ginn, dat ass elo och geléist a funktionéiert rëm einwandfrei.”

Och d’Garagëpaart géing funktionéieren: “D’Paart ass och gefléckt, dat soen ech lo ganz formell. Do ware Problemer mat der Software, déi ass elo ersat an dat funktionéiert. Do ware scho Probleemer a mir hunn och scho reagéiert, éier de Syndic dee Bréif geschriwwen huet.”

Op Nofro hi seet de Syndicat vun den Awunner allerdéngs, d’Probleemer géingen deelweis weiderbestoen. Et wier awer net op néng Stäck Chantier, sou de Porte-parole. D’Aarbechte wieren nach bei de Wunnengen an den zwee Tierm bei den Etagen 11-13, dem Iwwergangsstack an den dräi Etagë vum Centre médical. Dat mécht deemno aacht Etagen.

Et misst een awer och gesinn, dass duerch Material-pénurien Delaie vun der Fournisseursäit entstane wieren, betount de Serge Estgen. Déi meescht Aarbechte wieren awer am Januar 2022 ofgeschloss an déi lescht Appartementer géifen am Laf vum éischten Hallefjoer 2022 geliwwert. Am Moment liewen an deenen zwee Tierm op gutt 160 Wunnenge ongeféier 400 Leit.

Back to Top
CIM LOGO