
Ee Joer nodeems zu Lëtzebuerg d‘Planzeschutzmëttel mat Glyphosat verbuede sinn, kéint nach net definitiv gesot ginn, wéi en Effekt dëst Verbuet op d‘Drénkwaasserqualitéit wäert hunn, well Schuedstoffer deels méi wéi 1 Joer laang kënnen nogewise ginn. Am Grondwaasser wieren dat esouguer 20 Joer. Dat erkläert de Landwirtschaftsminister Claude Haagen a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen.
Virum definitive Verbuet konnte sech landwirtschaftlech Betriber fräiwëlleg engagéieren, fir kee Glyphosat ze notzen an dofir eng Primm vum Staat kréien. 2020 goufen hei ronn 860.000 Euro u knapp 900 Landwirtschafts- a Wënzerbetriber ausbezuelt.