D'Stad Lëtzebuerg versicht de Forainen och a Coronazäiten d'Méiglechkeet ze ginn, hir Buden opzeriichten. Ma et ginn awer Patronen, déi sech awer am Stach gelooss fillen, an zwar déi, mat den Iess- a Gedrénksbuden. Grond sinn d'Coronarestriktiounen. Den Ament ass nach "Kiermes am Duerf" an de "Fun um Glacis" steet virun der Dier. Eng alternativ Schueberfouer, déi méi kleng ass wéi gewinnt. D'Zuel an och d'Gréisst vun de Spiller an d'Iess- a Gedrénksstänn si reduzéiert ginn. Dowéinst hu sech och vill Forainen ëmorganiséiere missen a de Coronamesuren upassen, speziell an der Restauratioun. Dat war awer aus zäitlechen a finanzielle Grënn net fir all Betrib méiglech.
De Romain Hoffmann, Patron vun der Friture Irène:
„Et gëtt ëmmer geschwat: jo et si net all Mënsch, déi eng Demande gemaach hunn a sou weider, jo ech hu keng Demande gemaach, well an enger Reunioun Konditioune vun der Stee matgedeelt gi sinn, an dat huet näischt mat Finanzen ze dinn, mä dat huet mat Technik a Logistik ze dinn. Dat heescht déi Konditiounen, déi do waren, ass mäi Betrib net gebaut. An et ass och net méiglech gewiescht, dat ëmzebauen, fir kënnen do matzemaachen. Dat hätt erëm ganz vill Sue kascht a mir hätten och net op eiser normaler Plaz gestanen, wou alles sou ausgemooss ass, d'Schläich, d'Elektresch, Gas a sou weider a sou virun, dass dat eng Fortune kascht, do war fir eis leider Gottes ganz kloer, dass mir net kënnen do matmaachen, mä et ass keng Saach vu net wëllen."
Et wier ee maximum un Zäit ofgewaart ginn, fir ze kucken, wéi sech déi sanitär Situatioun géing entwéckelen. Bis den 1. Juni wier nach net gewosst gewiescht, ënner wéi enge Konditiounen an ob iwwerhaapt eng Schueberfouer méiglech wier. Eréischt duerno wier et lues lassgaangen. Fir vill Betriber war dat awer ze spéit, fir sech ëmzeorganiséieren.
Nach eemol de Romain Hoffmann:
„Mir sinn awer elo déi, op gutt Lëtzebuergesch gesot, d'Aarschkaart gezunn hunn an iwwerhaapt keng finanziell Entschiedegung dofir kréien, well ma net dierfen, net kënnen. Mir hunn offiziell matgedeelt krut, dass keng Fouer ass an dass ma dann nächst Joer erëm kënnen dobäi sinn. Bon de Wonsch wier natierlech gewiescht, dass ma do éischter um Courant gewiescht wieren."
Fir d'Iess- a Gedrénksstänn um Glacis ass keng finanziell Hëllef virgesinn.
Wat "Kiermes am Duerf" ugeet, kritt ee vun der Stater Gemeng, jee nodeem a wéi engem Quartier d'Bud steet, 5.000 bis 10.000 Euro.
De Charles Hary, President vun der Forainsfederatioun:
„Mä ech mengen, ech kann ëmmer erëm nëmme betounen, et ass schued, eis Restauratioun ass vergiess ginn an deem Sënn. Ech schwätzen elo vun deene groussen traditionelle Restauranten. Mä et sinn awer quand même 3 Restauranten, déi do uewe matmaachen. Bon déi hu sech getraut do matzemaachen, déi aner, ech verstinn dat voll a ganz, wann déi soen, mir hunn dat Material do net, fir kënne matzemaachen, an déi Restauranten, déi si hunn, waren nu mol leider Gottes net zougelooss."
"Kiermes am Duerf" an déi finanziell Ënnerstëtzung wiere fir d'Forainen ewell schonn eng grouss Hëllef.
Fir de Patrick Weyrich wier et dat 76. Joer op der Schueberfouer gewiescht. Mat enger Capacitéit vu 650 Plazen ass säi Stand fir op de Glacis awer ze grouss. "d'Stad lieft" wier fir hien awer eng gutt Méiglechkeet gewiescht, nees ze schaffen.
De Patrick Weyrich, Patron vun enger Iessbud:
„Do ass dëst Joer natierlech d'Decisioun komm am Ufank, et ass erëm keng Fouer, "d'Stad lieft" ass awer. Dat éischt wat ech gemaach hunn, ech hu meng Demande gemaach fir "d'Stad lieft", ech war déck zefridden an ech sinn och dëst Joer zefridden. Natierlech géing ech léiwer op der Fouer opriichten, mä ech mengen, wann d'Restriktiounen esou sinn, dass ech fir mech denken, et geet net, dann hunn ech Decisioun geholl, net opzeriichten. Schwéieren Häerzens natierlech."
Och hien huet seng Demande, fir um Glacis seng Bud opzestellen, erageschéckt. Wou hien dunn d'Fraise gesinn huet, déi op hien duerkommen, huet hien decidéiert, net dohin ze goen. "Kiermes am Duerf" géing sech fir hien awer rentéieren an hien ass dankbar fir déi Méiglechkeeten an Hëllef, wou ee vun der Stater Gemeng kritt.
Déi grouss Hoffnung läit awer op der Fouer vum nächste Joer.