Arbres remarquablesNational Protektioun soll vu 64 op 250 aussergewéinlech Beem eropgesat ginn

Monique Kater
Schonn eleng wéinst dem Klimawandel solle vill méi Beem dëse spezielle Schutz-Statut kréien. 
Arbres remarquables
National Protektioun soll vun 64 op 250 aussergewéinlech Beem eropgesat ginn

E sougenannten “Arbre remarquable” schützen, heescht net nëmmen, deen als “liewegen nationale Patrimoine” ze klasséieren, mä och sech gewëssenhaft ëm dësen aussergewéinleche Bam ze këmmeren.

Net eleng d’Naturverwaltung ass fir déi bis haut 64 Individue responsabel, mä och d’Politik an d’Bierger mussen hei matspillen. D’Zil ass et, an Zukunft 250 där Beem am Inventaire ze hunn, erkläert d’Martine Neuberg vun der Naturverwaltung, déi Responsabel fir d’Arbres remarquables ass.

“Remarquabel Beem": E liewegen nationale Patrimoine

Et gëtt a ganz Lëtzebuerg fir den Ament 64 sougenannt “arbres remarquables”. De Stempel “aussergewéinlech” krute si, well se entweder duerch hir Morphologie opfalen, vläicht eng speziell genetesch Variatioun opweisen oder och nach eng historesch Bedeitung hunn. Dës Beem gehéieren zum nationale Patrimoine, an d’Naturverwaltung huet sech elo virgeholl, engen 190 weidere Beem, déi haut scho subventionéiert ginn, dëse Statut ze ginn. Dës si Mesuren, déi grad an Zäite vum Klimawandel extrem wichteg sinn.

Ee Beispill fir e Bam, deen net op dëser Lëscht steet, ass eng 26 Meter héich Eech, déi zanter e puer honnert Joer zu Conter am Park steet.

Dëse Bam ass e Paradebeispill fir d’Prozedur, déi den Ament am Lafen ass, a ronn 190 remarkabel Beem uechter d’Land eraussicht, déi de Statut vum “arbre remarquable” solle kréien. D’Zuel gëtt vu 64 Exemplaren op 250 gehéicht, an do géif keen diskriminéiert. Och net déi gelungen, déi verkrëppelt, déi mat Läinzeechen oder déi Beem, déi kräischen.

Déi Beem hu gelieft”, erkläert d’Martine Neuberg. “Déi Beem hu gelieft a ginn duerch hiren héijen Alter anere Liewewiesen eng Plaz.” D’Verhältnis Bam-Mënsch wier ambigu: esoulaang e schéin ass a kee Knascht mécht, dierft e bleiwen.

Et géifen dëser Beem nach eng jett hei am Land, mellen d’Fierschter, déi hëllefen, deen neien Inventaire ze maachen. Iwwer 500 si scho repertoriéiert, a wann ee sech ëm si këmmert, kritt ee finanziell Ënnerstëtzung.

Natierlech kënnt et och emol zu Mëssverständnesser, wéi am Mäerz am Park zu Miersch wou op engem Chantier eng ganz Partie Beem gefält goufen. De Message vun der ANF un d’Gemengen ass einfach: De Bamstamm apaken an d’Wuerzelen net einfach ewechraséieren. Kaum e Bam géif, wann e grouss ass, eng Plënneraktioun iwwerliewen.

Einfach al Beem duerch neier ersetzen?

Etüde géinge weisen, dass jonk Beem, déi al Beem ersetzen, gemengerhand net ganz laang stoe bleiwen. En ale Bam duerch en neie kompenséieren, ass also eng Rechnung, déi net opgeet, well en deem säi Wäert a puncto Klima a Loft net kann erreechen.

Back to Top
CIM LOGO