Eng Plënner-Aktioun, déi Zäit brauchNationalarchiv mécht seng Dieren um Belval op

Anouk Siebenaler
Annerhallwe Mount waren d'Diere vun der Salle de Lecture vum Nationalarchiv zou – de 24. Juni wäerten se rëm opgoen, dann allerdéngs um neie Site um Belval.
Eng Plënner-Aktioun, déi Zäit brauch
Annerhallwe Mount waren d’Diere vun der Salle de Lecture vum Nationalarchiv zou. De 24te Juni wäerten se rëm opgoen, dann allerdéngs um neie Site um Belval.

58 Joer laang war dat eemolegt militärescht Gebai um Helleg-Geescht-Plateau den Haaptsëtz vum Lëtzebuerger Nationalarchiv. Fir déi 50 km Dokumenter, déi sech mëttlerweil ugesammelt hunn, sinn d'Raimlechkeete scho laang ze kleng.

Scho wéi d'Josée Kirps 2003 Direktesch ginn ass, war vun engem neie Gebai rieds:

Deemools huet dat ausgesinn, wéi wann dat elo géing ouni Iwwergang matenee funktionéieren: Ech ginn ernannt, da kréie mer en neit Gebai an da plënnere mer. An dat war awer du leider net de Fall. De Bau ass zweemol reportéiert ginn, well mer allkéiers an eng Finanzkris gefall sinn. Dann huet d'Regierung erëm Spuermoossname geholl a mir sinn am Fong ëmmer do mattendra gefall.

Den Architekt ass ëmmer nach den nämmlechten, mä de Projet ass e gutt Stéck méi kleng wéi deemools geplangt. 100 km Dokumenter sollen an déi 56 genormte Räim um Belval passen.

D'Preparatioune fir d'Plënner lafe schonn zanter Méint. Nieft dem Sécherstellen, dass all d'Dokumenter an engem plënnerbaren Zoustand sinn, war de gréissten Challenge an der Virbereedung d'Koordinatioun dovun, wat wéini wéi a wouhi geplënnert gëtt.

Dass se 2014 schonn emol knapp d'Hallschent un Dokumenter geplënnert hunn, wier eng gutt Dréchen-Übung gewiescht. Trotzdeem wier dat hei nach emol e ganz aneren Challenge, dee méi schwéier ze iwwerblécke wier.

"Intern hate mer eng kleng Wett lafen, dass mer am Februar 2026 era plënneren an den éischte Client empfänken. Bon, ëm e puer Méint hu mer et net gepackt”, sou den Directeur adjoint Gilles Regener.

Ufank Mee sinn an engem éischtem Schrëtt d'Mataarbechter an dat neit Gebai geplënnert, den 8. Juni ass du schlussendlech den éischte Camion mat Dokumenter hei ausgeluede ginn. Dräi Camionen den Dag sollen an den nächste Méint hire Wee vun den alen Depoten op de Belval fannen.

Wéini d'Plënner ganz ofgeschloss ass, wier schwéier anzeschätzen, sou de Conservateur Philippe Nilles, deen d'Plënner mat koordinéiert:

Et brauch sou laang, wéi et brauch. Et ass keng Course, et ass e ganzt Nationalarchiv, wat geplënnert gëtt. Mir hu lo eng Zäitspan vun engem hallwe Joer viraussiichtlech. Da wäerte mer am Januar 2027 fäerdeg sinn. Dat ass mol de Plang an da musse mer kucken, a wéi engem Rhythmus mer weiderkommen.

Déi al Salle de Lecture ass den 8. Mee um Helleg-Geescht-Plateau zougaangen. De 24. Juni mécht d'Nationalarchiv um Belval déi nei Salle de Lecture op.

Vun deem Ament u kënnen also erëm Dokumenter consultéiert ginn. Esouwuel déi, déi nach an den alen Depote leien, wéi och – esoubal se agescannt sinn – déi, déi elo um Belval ukomm sinn.

Back to Top
CIM LOGO