
Mam spéide Méine ginn awer och d’Réikitzen an aner Déiere protegéiert, déi soss an d’Méimaschinn vun den Traktere kënne geroden an dacks un den uergen, déiwe Schnëttwonne stierwen. Rezent nach gouf et dem ADR no esou e Fall an enger Wiss zu Jonglënster, wou 8 Réikitze reegelrecht vun der Méimaschinn zerrappt gi sinn.
D’Ministesch ass sech der Problematik bewosst, kann awer d’Zuel vun “honnerten doudege Kitzen”, déi den ADR-Deputéierte Jeff Engelen an enger parlamentarescher Fro avancéiert, net confirméieren. Kloer Reegelen zum Sujet ginn et net am Land - verwise gëtt awer op en Déiereschutzgesetz, dat virbildlech wier an op d’Naturschutzgesetz.
Wéi gesot, setzt sech de Ministère fir Ëmwelt an d’Naturverwaltung fir méi ee spéit Méinen am Joer an, dëst fir d’Aartevillfalt ze schützen. Dorënner falen nieft ville buedembréiende Vullen a spéit bléiende Planzen och d’Réikitz, déi wärend dem Schnatt kënne blesséiert ginn oder souguer stierwen.
Wann e Bauer méi spéit méit, gëtt him iwwert d’Biodiversitéitsgesetz och e Subsid bezuelt. Finanziell Hëllefe fir den Asaz vun Dronen a Wäermebildkamerae ginn et iwwerdeem net.