
D'Konzessioune sinn awer net limitéiert, wéi dat dacks gemengt gëtt. Et gëtt och keen nationale Plang fir nei Apdiktesch-Konzessiounen ze schafen. Eppes, wat de Collège Médical awer zanter Längerem fuerdert an eng Propositioun, déi d'Gesondheetsministesch Lenert och ënnerstëtzt.
Dat geet aus der Äntwert vun der LSAP-Ministesch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierte Bauler a Baum ervir.
Dräi nei Apdikte kommen awer bäi: dat zu Esch/Sauer, Conter a Luerenzweiler. Funktionell sinn dës Apdikten awer nach net.
Aktuell sinn et d'Gemengen-Autoritéiten, déi eng Konzessioun fir eng nei Apdikt ufroen, mä wéi gesot soll dëst an Zukunft via en nationale Plang geréiert ginn, wou d'Krittäre vun der Demographie dem Accès an der Demographie spillen.