
De Clearstream Fund Centre soll senge Clienten Accès ginn op méi wéi 230.000 Fongen a méi wéi 50 Marchéen, heescht et am Communiqué. Dass een dës nei Entitéit zu Lëtzebuerg schaaft, wier en Ausdrock vun de staarke Lienen zum Grand-Duché, esou den Direkter Philippe Seyll.
Clearstream, d’Finanzinstitut, dat op d’Ofwéckele vu Banke spezialiséiert ass, hat virun 10 Joer Dosenden Aarbechtsplazen hei am Land ofgebaut.