Nodeems d'Héichiewe vun der Schmelz net méi gebraucht goufen, war och d'Enn vun dëser Hal agelaut. Elo soll d'Gebléishal eng nei Funktioun kréien. Eng Etude, déi ablécklech nach leeft, soll am Summer d'nächst Joer ofgeschloss sinn. An dëser riseger Hal vu ronn 160 Meter soll ee spéider hei kënne wunnen, iesse goen a schaffen. En Architekteconcours soll lancéiert ginn.