
Fir déi enorm Pertë vum Zouloossen op d'mannst zum Deel opzefänken, gëllt eng nei Hëllef a Form vun enger Kompensatioun vun de Käschten (aide coûts non couverts), déi fir d'Méint November bis Mäerz kann ugefrot ginn.
Sou kann zum Beispill e klenge Restaurant mat manner wéi 50 Salariéen d'Differenz tëscht de Recetten an 100% vu sengen Ausgaben deklaréieren. Dës 100%-Klausel gëllt exzeptionell fir déi 3 Méint November bis Januar. Fir Februar a Mäerz gëlle 75% vun den Ausgabe vun engem Betrib.
Eng weider Hëllef fir den Horeca-Secteur ass jo, datt d'Validitéit vun de 50-Euro-Iwwernuechtungs-Bonge bis den 18. Abrëll, d'Enn vun der Ouschtervakanz, verlängert gouf.
Donieft kënne Proprietäre vu Bistroen a Restauranten en Delai de Paiement oder d'Annulatioun vun Avancë beim Steieramt ufroen. Den Delai, fir d'Steiererklärung vun zejoert ofzeginn, gouf op Enn Juni verlängert.
Een Erofsetze vun der TVA op 3% fir all d'Servicer vum Secteur ass iwwerdeem net virgesinn, dat äntweren d'DP-Ministere Gramegna an Delles op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Roy Reding.