
Déi nei ASBL nennt sech Société Luxembourgeoise de Médecine d’Urgence et de catastrophe a setzt sech fir eng héichqualitativ Noutfallmedezin zu Lëtzebuerg an.
Fir dat ze erreechen, wëllt een esouwuel Dokteren, Fleegepersonal an all déi aner Acteure mat abannen.
Et wéilt een ausserdeem de wëssenschaftlechen a berufflechen Austausch an d’Weiderbildung an deem Beräich fërderen.
Dat geet aus engem Pressecommuniqué ervir.