
Aktuell ass de Lëtzebuerger Pass fënnef Joer valabel, mee dat soll changéieren. Am Ausseministère gëtt un der neier Versioun vum Pass geschafft, deen da wuel wäert an zwee Joer agefouert ginn.
Déi nei verlängert Lafzäit vun dann zéng amplaz vu fënnef Joer gëllt fir Päss vun Erwuessenen iwwer 18 Joer.
Besonnesch fir déi vill Lëtzebuerger, déi am Ausland liewen an dacks musse wäit reesen, gëtt sou d’Passdemande mat Biometrie weesentlech erliichtert.
Dat schreift de LSAP-Ausseminister Jean Asselborn a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéierter Nancy Arendt.