DikrechNeie Buergermeeschter an der Ieselsstad Claude Thill

Christophe Hochard
Zanter ronn 20 Joer geet de Claude Thill hei am Gemengenhaus vun Dikrech an an aus.

Claude Thill neien Dikrecher-Buergermeeschter/Rep. Everling

Hie kennt Dikrech gutt, sou de Claude Thill, dee scho méi wéi 20 Joer lokalpolitesch aktiv ass. Säi grousst Zil ass et, fir dat zu Enn ze bréngen, wat déi aktuell LSAP-Majoritéit sech fir dës Legislaturperiod virgeholl huet. Als aktuelle Schäffen, dee sech ëm d’Finanze këmmert, wier hien och am Bild. Hie géing éischter an d’waarmt Waasser sprangen ewéi an dat kaalt.

Et wäerten net méi vill nei Iddie lo kommen. Mir setzen op Kontinuitéit. Déi wichteg Projete sinn all op der Schinn.

Grouss Projeten zu Dikrech wieren zum Beispill d‘Parkhaus op der Gare, d‘Maison Relais oder nach en autofräit Dikrech. Natierlech hätt de Claude Haagen eng dominant Roll gespillt, mä et wier him net baang, sou de Successeur Claude Thill.

Ech gesinn dat net problematesch. De Claude Haagen huet eng dominant Roll gespillt. Mir sinn an enger absolutter Majoritéit. Do ass et evident, datt et bei eis keng grouss Diskussiounen am Gemengerot gëtt. Et ass mir net baang. Ech si laang genuch derbäi, fir ze wëssen, wéi een dat dote muss handelen.

Iwwer all dem Claude Haagen seng Posten an de Syndikater wier nach net geschwat ginn, sou de Claude Thill.

En anere groussen Dossier ass natierlech d’Nordstad-Fusioun. 5 Gemengen – Dikrech inclus – wëlle sech jo do zesummendoen. Do géing et gutt virugoen, och wann et fir 2023 éischter manner gutt ausgesäit.

Ech rechnen dermat, datt mer et net fäerdeg bréngen, fir virun de Gemengewalen e Referendum ze hunn. Et muss e Gesetzprojet ginn an et muss een de Leit jo am Referendum och soen, wat datt d’Perspektiven an d’Iddie sinn. Dat gëtt ze sportlech. De Prozess wäert awer virun de Gemengewalen op de Schinne sinn, sou datt een am Laf vun der nächster Legislaturperiod weess wou et higeet.

De Claude Thill huet 57 Joer, ass Infirmier-Anästhesist, hien ass den Ament fräigestallt als Personalvertrieder. Hien huet soss emol Handball gespillt zu Dikrech am Chev an ass hautzedaags e passionéierte Schifuerer.

Back to Top
CIM LOGO