Pouvoir vum Grand-DucNeie Gesetzesprojet reegelt "Droit de grâce"

Roy Grotz
Wien d'Recht huet ze bestrofen, huet och d'Recht eng Strof no ze loossen, also eng Gnod ze ginn.
© AFP Archivbild

Der Verfassung no huet de Staatschef dat Recht, an der neier Verfassung gëtt d’Prozedur am Artikel 39 preziséiert a muss via Gesetz gereegelt ginn. Am neie Gesetzesprojet ass elo genee festgeluecht, wien iwwert eng Demande tranchéiert, fir eng Strof deelweis oder komplett nogelooss ze kréien.

Den “droit de grâce” gëtt deemno net als vereelzt kinneklecht Recht oder Extravaganz ugesinn, mee als Attribut vun der Souveränitéit, déi e Vollek iwwer d’Regierung an d’Chamber huet.

D’Demandë fir e “Recours en grâce” bleiwen héich, och wa se déi lescht Joren erofgaange sinn: eng 370 waren et viru fënnef Joer, 2021 waren et der nach 250. Déi allermeescht Demanden dréinen ëm Fuerverbueter, soss nach ëm Prisongsstrofen oder Confiscatiounen. Wann de Grand-Duc esou eng Demande kritt, fir eng Strof nozeloossen oder eng Dispens dovunner ze ginn, gëtt se un eng speziell Kommissioun weidergeleet, wouranner siwe Leit siegéieren, déi en Avis schreiwen, ob eng Persoun vun der Gnod ka profitéieren oder net.

Fir deen Avis ze schreiwen, kënnen all Zorte vun Verurteelungen oder Jugementer consultéiert ginn, dat via de Casier, de JU-CHA-Fichier, d’Police oder och de SCAS. Deen Avis gëtt dann duerch de Grand-Duc exekutéiert.

De Gesetzesprojet iwwert d’Recht, eng Gnod ze ginn, gouf e Mëttwoch vun der Justizministesch Sam Tanson an den zoustännegen Chamberkommissioune virgestallt.

Back to Top
CIM LOGO