
Fir d’Salariéen, déi op d’Stonn bezuelt ginn, ginn et 10 Cent méi pro Stonn a fir déi, déi op de Mount bezuelt ginn, ginn et 17,30 Euro de Mount weider. Donieft gëtt d’Primm fir knaschteg Aarbecht vun 90 Cent op 1,50 Euro d’Stonn an d’Luucht gesat. Den Accord gëllt réckwierkend op den 1. Mäerz a bis Enn 2024.
Wéi et an engem Communiqué vum OGBL heescht, wieren zéi Verhandlungen néideg gewiescht, dass et zu engem Accord iwwert den neie Kollektivvertrag kënnt.