Jonk GréngNeie Landwirtschaftsminister soll e puer Gäng eropschalten, esou d'Fuerderung

Claudia Kollwelter
Déi jonk Gréng fuerderen ënnert anerem, datt an de Schoule méi op Bio gesat gëtt an datt déi Jonk méi konsequent an d'Ernierungspolitik agebonne ginn.
© René Pfeiffer / RTL

"Mir fuerderen den neie Landwirtschaftsminister op, en neien Elan mat eranzebréngen an dass en e puer Gäng eropschalt, fir d'Landwirtschaftspolitik méi nohalteg opzestellen." Dat hunn déi jonk Gréng de Moien op enger Pressekonferenz betount bei där et ëm eng méi nohalteg Ernärungspolitik goung. Si hu kloer Fuerderungen net just un de Landwirtschafts- mä och un den Educatiounsminister.

Déi jonk Gréng iwwer Ernärung / Repo. Claudia Kollwelter

An do sinn d'Schoulkantinnen an domat Restopolis viséiert. Fir déi jonk Gréng gëtt net genuch op Bio-Produite gesat. Dem Konzept Food4Future no solle vun 2025 un d'Hallschent vun de Produiten, déi Restopolis ubitt aus Lëtzebuerg kommen, awer nëmmen 20% aus biologeschem Ubau, seet d'Tanja Duprez. Do musse mer eng Virreiderroll anhuelen an an ëffentleche Kantinne méi Bio unbidden. Esou wëll een déi Entwécklung fërderen an domadder ee Marché fir biologesch Produzente virun allem hei zu Lëtzebuerg ze produzéiere.

D'Konzept Food4Future soll deene jonke Gréngen no och an den aktuellen Entworf vum Restopolis-Gesetz verankert ginn. Donieft soll d'Jugend systematesch an d'Ernärungspolitik agebonne ginn. Si sinn déi, déi wierklech concernéiert sinn, all Dag an der Kantin iessen a wësse, wéi d'Konzepter ëmgesat ginn, wat funktionéiert a wat net. Se kënnen dofir sécher e wichtege berodende Punkt mat erabréngen.

Nieft der Ernärung misst de Fokus och op d'Liewensmëttelproduktioun geluecht ginn. An do géife fir d'Jugendpartei d'Gesetzer einfach net wäit genuch goen. E wichtege Punkt fir si ass d'Labelingsgesetz, wat aktuell an der Chamber diskutéiert gëtt. E Label, deen zwar vun der Grondiddi ze begréisse wier, dem Fabricio Costa no awer net ambitiéis genuch ass. Et sinn eng Partie Krittäre virgesi fir de Label ze kréien, mä et geet duer, fir een Drëttel vun de Krittären ze erfëllen, fir de Label ze kréien. A gläichzäiteg sinn och eng Partie Krittären dobäi, déi net ambitiéis sinn. Eng Partie Krittäre gi scho vum Gros ëmgesat. Et ass also näischt Neies!

Si fuerderen dofir kloer, datt de Landwirtschaftsministère an d'Chamber op deem Punkt nobesseren: An zwar a Richtung vu méi Transparenz fir de Consommateur. De Label muss optesch weisen, wéi vill Krittären tatsächlech erfëllt sinn. Beim Ëmwelt- a Waasserschutz oder bei der Reduzéierung vu Pestiziden an Antibiotique kéinte méi streng Krittäre virgesi ginn.

Eng weider Fuerderung betrëfft déi aktuell Ëmsetzung vun der gemeinsamer europäescher Agrarpolitik, der GAP. Et wier wichteg, datt een net just d'Mindest-Ufuerderunge ëmsetzt: Mä datt mer wierklech als Lëtzebuerg de Spillraum notzen dee mer an der GAP hunn. D'Experte soen eis, dat mer musse méi wäit goe bei de Konditiounen, fir d'Primmen ze kréien, wéi och bei de Primme selwer.

Et hätt ee keng Zäit méi ze verléieren an d'Outile wieren all do, ma misste just richteg genotzt ginn, hunn déi jonk Gréng nach generell ënnerstrach.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO