
Dat kléngt zwar wéi ee Buch mat 7 Sigelen, ee Buch, dat awer derwäert ass, opgeschloen ze ginn.
D’Produktivitéit ass d’Verhältnis tëscht deem, wat ee produzéiert an der Aarbecht, déi derhannert stécht mat den Elementer Paien, Lounniewekäschten, Steieren, Matière première oder nach Energie. An do ass ee ganz séier beim Motto Effizienz, also mat manner, méi oder besser produzéieren. An dann ass ee grad esou séier bei Sujete wéi Logement, Besoin un Infrastrukturen, Mobilitéit etc.
Eng Erausfuerderung ass besonnesch de Lien tëscht Produktivitéit a Salairen, esou de President vum CNP Serge Allegrezza:
“Lëtzebuerg ass ee Land mat enger ganz héijer Aarbechtsproduktivitéit, mä wann ee kuckt: wéi entwéckelt déi sech? Dat ass bal Null. An do läit de Problem. Dat heescht, dass déi Aner eis gläich anhuelen. An dat heescht och, dass mir eis Remuneratioun net dierfen eropsetzen, dass mer se mussen indexéieren an zwar net op d’Präisser, mä eigentlech op d’Produktioun, déi mer maachen ...”
Also fir héich Salairen ze finanzéieren, muss d’Produktivitéit an d’Luucht goen. Idem beim Volet Aarbechtszäit-Reduktioun.
“Awer och do erëm eng Kéier d’Iddi : Dass een am Fong geholl méi effikass a besser schafft an d’Produktivitéit erop geet. Dann ass dat finanzéierbar.”
Bei deem Ganzen ass et och eng Fro vu Gestioun vum Betrib. Also ass och de Management gefuerdert.
D’Aarbecht an d’Gestioun si just zwee vu ville Facteure beim Ausrechne vun der Produktivitéit. Do geet d’Palett vu Formatioun a Qualifikatioun, iwwert Kapital, Innovatioun, Recherche, Technologie Ressourcen, Infrastrukturen, Nohaltegkeet etc.
De Wirtschaftsminister krut dee Rapport an huet den CNP gefrot, d’Hiewelen ze definéieren, wou een usetze ka fir eng méi effikass Produktivitéit.
Do steet den Investissement virop, mat Equipement, Digitalisatioun an och kënschtlech Intelligenz, fir just déi ze nennen.
Parallel d’Recherche. Alles dat kascht, mä et bréngt och mëttel-a laangfristeg eppes, esou de Serge Allegrezza.